Opportunity

Vu Wikipedia

De 7. Juli 2003 ass de Mars Exploration Rover Opportunity gestart fir de Mars 90 Deeg z'erfuerschen. Als Plaz fir ze landen haten d'Fuerscher de Meridiani Planum erausgesicht.

Mars Exploration Rover

Missioun[änneren | Quelltext änneren]

De Mars Exploration Rover Opportunity soll am Meridiani Planum no Waasser sichen. De Meridiani Planum soll emol e Séi gewiescht sinn. De Rover ass 180 kg schwéier, an ass d'selwecht gebaut wéi säin Zwillingsrover, de Spirit.

Missiounsverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vum Wee vum Opportunity
  • De 25. Januar 2004 ass den Opportunity am Eagle-Krater, Meridiani Planum (Mars).
  • Den 23. Mäerz 2004 ass den Opportunity aus dem Eagle-Krater gefuer.
  • Den 1. Mee 2004 ass den Opportunity beim Endurance-Krater ukomm.
  • Den 8. August 2004 ass den Opportunity an den Endurance-Krater gefuer (no 2 Méint ass den Opportunity erëm erausgefuer)
  • Den 21. Dezember 2004 mécht den Opportunity sech op de Wee fir an den Erebus-Krater, mä den 28. Abrëll 2005 bleift den Opportunity an der Purgatory-Dün hänken.
  • De 5. Juni 2005 ass den Opportunity aus der Purgatory-Dün erauskomm.
  • De 27. August 2005 ass e beim Erebus-Krater ukomm.
  • De 26. September 2006 ass den Opportunity beim Victoria-Krater ukomm.
  • De 4. Januar 2007: De Mars Exploration Rover Opportunity hat eng geschat Liewensdauer vun 3 Méint, 3 Joer duerno huet den Opportunity nach ëmmer funktionéiert.
  • 13. Februar 2019: D'NASA huet et opginn fir mam Rover, deen zanter dem Stëbsstuerm am Juni 2018 keng Signaler méi vu sech ginn huet, Kontakt opzehuelen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Photos by the Opportunity rover – Biller, Videoen oder Audiodateien