Eagle (Marskrater)
Eagle (Marskrater) | |
---|---|
![]() De Krater mat der Landeplattform, Foto opgeholl mam Mars-Rover Opportunity | |
Eegenschaften | |
Regioun | Meridiani Planum |
Koordinaten | 1,95° S, 354,47° O |
Duerchmiesser | 22 Meter |
Alter | ? |
Entdecker | Opportunity |
Genannt nom | Eagle |
Den Eagle ass en Impaktkrater um Planéit Mars um Meridiani Planum am Margaritifer Sinus-Gradfeld (MC-19). En ass 22 Meter laang an 3 Meter déif. De Mars-Rover Opportunity war 2004 an dësem Krater gelant. Moossresultater vun Opportunity hu bestätegt, datt de Meridani Planum e Buedem vun engem Ozean war.
Numm[änneren | Quelltext änneren]
Den Numm vum Krater Eagle huet dräi Urspréng:
- Zu Éiere vun der éischter bemannter Moundlandefär (Raumfaartmissioun Apollo 11, och Eagle genannt).
- Zu Éiere vun der USA, deenen hiert Wopendéier de Wäisskappséiadler ass.
- Eagle ass zudeem e Begrëff aus dem Golfsport fir wann e Golfer de Ball mat 2 Schléi ënner Par an d'Lach schloe kann.
Entdeckungen am Krater[änneren | Quelltext änneren]
D'Wëssenschaftler vun der Opportunity-Missioun ware begeeschtert vun der Heefegkeet vun den Fielsopschlëss am Krater. De Kraterbuedem ass aus wëssenschaftlecher Siicht ganz interessant, well hie besteet aus enger Méschung vu graffe groe Kären a renge roudelzege Kärecher. Bei geneeën Ënnersich vun de fangerdecke Opschlëssgestengsloe bestätegt sech d'Meenung, datt de Meridiani Planum fréier e schwaacht sauer a salzhaltegen Ozean war.[1] D'Erkenntnesser iwwer dëst Gebitt konnten dräi Méint méi spéit bestätegt ginn, wou den Opportunity den däitlech méi groussen Endurance-Krater ëstlech vum Eagle opgesicht hunn.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Eagle (Marskrater) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ „Reports Detail Rover Discoveries of Wet Martian History“, JPL, 2. Dezember 2004