Gale (Marskrater)

Vu Wikipedia
Gale
Koordinaten 5°22'12"S, 137°48'36"O
Duerchmiesser 154 km
Genannt no Walter Frederick Gale
Genannt am Joer 1991
Moundvéiereck Aeolis-Véiereck

De Gale ass en Aschlagkrater um Planéit Mars. Säin Duerchmiesser ass ongeféier 154 km a säin Alter gëtt op 3,5 bis 3,8 Milliarde Joer geschat. Säin Numm krut hie vum australeschen Astronom Walter Frederick Gale.

Lag[änneren | Quelltext änneren]

De Krater läit südlech vum Flaachland Elysium Planitia, seng Koordinate si 5,4° Süd an 137,8° Ost. Den Aeolis Mons, (och Mount Sharp genannt) de Bierg an der Mëtt vum Krater ass 5,5 km héich.

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Den 22. Juli 2011 gouf bekannt gemaach, datt Gale als Landeplaz fir de Marsrover Curiosity ausgewielt gouf. D'Landung ass no engem Fluch vu ronn néng Méint de 6. August 2012 um 5:31 UTC gelongen. Et erwaart een, am Krater verschidde Sedimenter a Gestengsschichten ënnersichen ze kënnen. Sou soll ënner anerem och no méigleche Spuere vu Liewe gesicht ginn. Och soll de geologeschen Opbau vum Mars a säi Klima méi genee erfuerscht ginn. D'Missioun erwaart sech och nei Erkenntnesser fir d'Virbereedung vu spéidere bemannte Landungen um Mars.

Säitenunsiicht op de Krater mat Héichteniwwerzeechnung
Animatioun vum Krater mat der geplangter Streck vum Curiosity (Englesch)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gale-Krater – Biller, Videoen oder Audiodateien