Erebus (Marskrater)

Vu Wikipedia
Erebus (Marskrater)
Lag vum Erebus-Krater op der Streckekaart vum Marsrover.
Eegenschaften
Regioun Meridiani Planum
Koordinaten 2° 6' S, 5° 30' W
Duerchmiesser 360 m
Entdecker Opportunity
Genannt nom Expeditiounsschëff Erebus

Den Erebus ass en Impaktkrater um Mars. En huet en Duerchmiesser vun 350 m an ass um Meridiani Planum am MC-19 Margaritifer Sinus-Gradfeld. Hie gouf vum Opportunity Rover op sengem Wee bei de grousse Victoriakrater besicht. Den Numm krut de Krater vum Expeditiounsschëff HMS Erebus mat deem den James Clark Ross d'Ross-Schelfäis entdeckt hat. Erebus war och Flaggschëff vun der verluer gaangener Franklin-Expeditioun.

De Rover war am Oktober 2005 an d'Géigend vum Krater komm a war do bis Mäerz 2006 bliwwen (Sol 550 bis Sol 750).

De Krater läit ongeféier 2.500 Meter südlech vum klenge Wostokkrater, deen den Opportunity virdrun ënnersicht hat. Op senger westlecher Säit ass e flaache Fielsopschloss mam Numm Payson Ridge an op sengem nordwesteche Rand e Fielsopschloss deen Olympia Ridge genannt gëtt. D'Topographie vum Krater gëtt vu Geologen och als etched Terrain bezeechent, dobäi handelt et sech ëm e relativ flaachen Terrain bei deem flaach Fielsen e Gebitt mat Düne begrenzen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]