Eberswalde (Marskrater)

Vu Wikipedia
Eberswalde (Marskrater)
E Paleo-Flossdelta am Eberswalde-Krater opgehol vum Mars Global Surveyor.
Eegenschaften
Regioun Argyre-Becken
Koordinaten 24° S, 33° W
Duerchmiesser 63 km
Entdecker Michael C. Malin a Ken Edgett
Genannt no Eberswalde
am Bundesland Brandenburg
Eberswalde (THEMIS)

De Krater Eberswalde ass en Aschlagkrater um Planéit Mars. Hien ass eent vun de wichtegsten Zilgebidder fir d'Sich no Liewensspueren um Mars, well Reschter vun engem Flossdelta a senger Mëtt fonnt goufen. Den Eberswalde-Krater läit op der Südhallefkugel vum Planéit bei 24° Süd an 33° West. E krut säin Numm vun der Stad Eberswalde a Brandenburg. Hie gouf vum Michael C. Malin a Ken Edgett entdeckt.

De Krater ass liicht elliptesch, mat engem Duerchmiesser vu 65 Kilometer. Marsfuerscher wéi z. B. den Timothy Parker vum kaliforneschen Jet Propulsion Laboratory huelen un, datt säin Nopeschkrater, den Holden-Krater, an d'Argyre-Aschlagbecke fréier duerch e Floss verbonne waren. Deemno stoung am 900 Kilometer groussen Argyre-Becke viru Milliarde Joren de Waasserpegel kilometerhéich – bis d'Fluten iwwergelaf an no Norden ofgefloss sinn. Dat gewaltegt Flosssystem soll iwwer den Equator eraus bis an den Ares Valles gereecht hunn, wou am Summer 1997 d'Nasa-Sond Mars Pathfinder an engem ausgedréchenten Iwwerschwemmungsgebitt erofgoung.

D'Hypothes vun deem gewaltege Floss – en hätt selwer den Nil u Längt iwwertraff – ass ëmstridden. D'Existenz vu flëssegem Waasser a verschiddenen Deelberäicher vum virgeschloene Laf gëtt dogéint gréisstendeels akzeptéiert. No dëse Virstellungen huet fréier e Séi den Eberswalde-Krater gefëllt. Gestengs a Buedemmaterial sinn iwwer e System vun Zouflëss an de Séi koum a goufen do ofgelagert. Am Mëndungsberäich hunn d'Sedimenter dat nostréimend Waasser behënnert. Ëmmer nees huet sech de Floss un Obstakele gespléckt. D'Delta am Eberswalde-Krater gouf, geneesou wéi den Holden-Krater, als méiglecht Landegebitt vun der amerikanescher Missioun Mars Science Laboratory (MSL) "Rover Curiosity". Ausgewielt gouf um Enn awer de Gale-Krater.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eberswalde crater – Biller, Videoen oder Audiodateien