Victoria (Marskrater)

Vu Wikipedia
Victoria (Marskrater)
De Victoria-Krater
Eegenschaften
Regioun Meridiani Planum
Koordinaten 02° 3' S, 5° 30' W
Duerchmiesser 730 m
Déift 70 m
Entdecker Opportunity
Genannt nom Schëff Victoria

De Victoriakrater ass en Aschlagkrater um Planéit Mars. Hien ass am Meridiani Planum a läit op 5,50° W an 2,05° S. Et war e Fuerschungsobjet vum Rover Opportunity. Mat enger Breet vu ronn 730 m an enger Déift vu 70 m ass e bal aachtmol méi grouss wéi den Endurancekrater. De Victoriakrater gouf nom Schëff Victoria, engem vun de fënnef Schëffer vum Ferdinand Magellan an dat éischt Schëff, dat eng Äerdëmsegelung gemaach hat, genannt.

De Victoriakrater ass interessant fir d'Wëssenschaftler, well hie bitt d'Méiglechkeet, mam Rover Opportunity méi déif geologesch Strukturen op der Uewerfläch z'ënnersichen, déi Réckschlëss op d'Entwécklungsgeschicht vum Mars zouloossen. Sou leie bei de géie Ramplie vum Krater bis zu 30 m déck Sedimentschichten.

Den Opportunity hat 21 Méint gebraucht, fir de Victoria-Krater de 26. September 2006 (Sol 951) an der „Duck Bay“ z'erreechen. An der noer Ëmgéigend vum Krater goufe weider Objete genannt: „No Name“, „Duck Crater“, „Emma Dean“, „Maid of the Canyon“ a „Kitty Clyde’s Sister“.

Den 29. August 2008 ass den Opportunity nees aus dem Krater erausgefuer an huet sech op de Wee bei den Endeavourkrater gemaach deen 12 Kilometer dovun ewech läit an deen en am August 2011 erreecht hat.

Resultater vun den Ënnersich[änneren | Quelltext änneren]

Beim Krater wiessele sech géi Klippen a flaach Abuchtungen laanscht de Rand of. Duerch déi Strukture léisst sech ofschätzen, datt de Krater fréier méi kleng war wéi haut an duerch Wanderosioun ëm 25 Prozent méi grouss gouf. Bäileefeg gouf hie mat Sand opgefëllt. D'Klippen hu Fielse mat Schichtstrukturen, déi bis zu 9 m déck sinn. Déi visuell Schichtmusteren deiten drop hin, datt d'Fielse fréier Wanderdüne sinn, déi sech spéider ënner dem Afloss vu Waasser zu Sandstee verfestegt hunn.

Am Gestengs vum Victoriakrater goufe Steekugelen, déi sougenannt „Blueberries“ fonnt. Déi Steekugele goufen iwwerall op der Meridianifläch fonnt. Si bilde sech normalerweis, wa Waasser duerch Gestengs dréckt. Well d'Kugelen an den déiwe Lage vum Krater méi grouss si wéi déi op méi héije Lagen, gëtt dovun ausgaangen, datt den Afloss vum Grondwaasser an den déiwe Lage méi intensiv war.

Um Rand vum Krater goufe Meteorittestécker fonnt, déi eventuell zum Impaktor gehéiert hunn, deen de Krater gebilt hat.

Bei der Analys vun der Abuchtung mam Numm „Duck Bay“ gouf festgestallt, datt sech déi ënnescht Schichten an der cheemescher Zesummesetzung vun den ieweschten ënnerscheeden. Déi ënnescht Lagen hu manner Schwiefel an Eisen, awer méi Aluminium a Silizium. Déi Zweedeelung gouf och am Endurancekrater op 6 km Distanz festgestallt. Doraus kann e schléissen, datt d'Konditioune vun der Ëmgéigend, déi d'Gestengs verännert hunn, regionale Charakter haten, an net nëmme lokal gewierkt hunn.[1]

Panorama[änneren | Quelltext änneren]

Dëst Panoramabild (zimmlech no bei de richtege Faarwen) ass zesummegesat aus Eenzelfotoen déi vum MER Opportunity an engem Zäitraum vun dräi Wochen (vum 6. Oktober bis 6. November 2006) opgeholl goufen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Victoria-Krater – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2013-11-22. Gekuckt de(n) 2014-02-11.