Op den Inhalt sprangen

Yuty (Marskrater)

Vu Wikipedia
Yuty (Marskrater)
Foto vun der NASA-Sond Viking 1 am Joer 1977.
Eegenschaften
RegiounChryse Planitia
Koordinaten22° 24' N. 34° 12' W
Duerchmiesser20 km
EntdeckerViking 1
Genannt no der Stad Yuty am Paraguay

De Yuty ass en Aschlagkrater um Flaachland Chryse Planitia um Planéit Mars.

En huet eng Gréisst vu ronn 20 Kilometer an d'Gebitt ronderëm ass vun Ausworffläpp iwwerdeckt. E méi ale Krater ass deelweis dovun iwwerdeckt. D'Uewerflächestrukturen déi ee bei Marskrateren am Beräich vun den equatorialen a mëttlere Längegraden dacks observéiere kann, berouen no der aktueller Theorie op Usammlunge vun Äis ënner dem Buedem. D'Schmëlzwaasser dat duerch den Aschlag entsteet, verflëssegt d'Ausworfmaterial a begënschtegt d'Entstoe vu sou Strukturen.

Portal Astronomie