Op den Inhalt sprangen

Spurr (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Spurr
De Moundkrater Spurr (Foto: Apollo 15)
Koordinaten 27°54'36"N, 1°16'12"W
Duerchmiesser 13,21 km
Déift 100 m[1]
Selenographesch Längt 1° bei Sonnenopgank
Genannt no Josiah Edward Spurr
Genannt am Joer 1973
Moundvéiereck LQ12


De Spurr ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um Terrain vum Palus Putredinis, südëstlech vum grousse Krater Archimedes.

Et ass e sougenannte Geeschterkrater, d. h., hien ass zimmlech flaach a bis un de Rand am Süden an Osten vu fréierer Lava iwwerschwemmt.

De Krater gouf am Joer 1973 vun der I.A.U. nom amerikanesche Geolog Josiah Edward Spurr genannt.

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.