Stäreplaz (Astronomie)

Vu Wikipedia

Ënner Stäreplaz versteet een an der Astronomie, Astrometrie an an der Geodesie d'Koordinate vu Stären.

Déi Plaz gëtt – analog wéi d'geographesch Breet an d'Längt – an engem equatoriale Koordinatesystem mat zwéi Wénkelen uginn, déi sech op den Himmelsequator, d'Verlängerung vum Äerdequator, an dem Fréijoerspunkt, dem Schnëttpunkt vum Himmelsequator an der Ekliptik) bezéien. Déi zwou Koordinaten nennt een:

D'Deklinatioun gëtt a Wénkelgrad notéiert, d'Rektaszensioun a Stonnen, Minutten a Sekonnen.

An der Reegel betreffen déi Koordinaten entweeder eng Grupp vu Stären zu der selwechter Zäit, z. B. vun engem Stärekoup, et kann awer och eng Zäitserie vu Koordinate sinn. Eng Ausnam zur Zäitserie wiere gemoossen, reduzéiert a mëttler Koordinaten.

All Stäreplaze bezéie sech op eng astronomesch Equinoxe, den Zäitpunkt vun hirer Miessung oder op eng rechneresch Legitimitéit. Mëttel Stäreplaze besti meeschtens fir eng Standard-Equinoxe, z. B. J2000.0. Tëscht 1925 an 1990 war d'Standardequinoxe 1950.0, virun 1920, 1900 an 1875.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]