Stärewand

Vu Wikipedia

De Stärewand oder Sonnewand ass de stännege Stroum vu Matière, dee vun der Uwerfläch vun engem Stär ausgeet. D'Vitess vum Wand läit no Stärentyp tëscht e puer bis zu villen 1.000 km/s. Déi observéiert Masseverloschter reeche vun 10−14 bis 10−3 Sonnemasse pro Joer.

Et gëtt verschidde Forme vu Stärewand, déi sech duerch hiren Undriffsmechanismus ënnerscheeden.

  • Wand vu kille Stären, wéi déi vum roude Ris, besteet aus Atomer vun neutralen Elementer a Molekülle wéi Kuelemonoxid, Silikater an änlechem. Déi stëbsräich Wandbeweegunge si mat nëmmen e puer zéng km/s relativ lues. Déi undreiwend Kraaft ass de Stralungsdrock op d'Molekülle vum Stëbs duerch Streeung. D'Masseverloschter kënne mat bis zu 10−6 Sonnemasse pro Joer ganz héich sinn. Sou ee Wand trëtt an de Spéitphase vun der Stärenentwécklung op an ass zum Beispill fir d'Entwécklung vu planetareschen Niwwele verantwortlech.
  • Bei sonnenänlechen Haaptreiestäre besteet de Wand aus geluedenen Deelercher, meeschtens Protonen an Elektronen. Sou ee Wand, wéi de Sonnewand gëtt haaptsächlech duerch déi extreem Temperature vun der Korona vun e puer Millioune Kelvin ugedriwwen. Deen dobäi aktive Gasdrock beschleunegt de Wand op e puer honnert km/s. Eis Sonn verléiert all Joer ongeféier 10−14 Sonnemassen. Hire Wand huet dofir keen Afloss op den Entwécklungswee vun der Sonn.
  • Bei munneche Stärentyppen, wéi bei den T-Tauri-Stären, kann de Wand d'Form vun Jets hunn. Dobäi gëtt en Deel vum Material dat op de Stär fält vun engem Magnéitfeld ofgeleet a laanscht d'Polachs ewechgeschleidert.

Wärend de Stärewand am Haaptreiestadium kee groussen Afloss op d'Entwécklung vum Stär huet, ginn déi spéider Stadien dovu staark beaflosst. Vill masseräich Stäre ginn um Enn vun hirem Liewen doduerch wäiss Zwergen, amplaz als Supernova z'explodéieren, well si ze vill Mass verluer hunn.