Stéphane Hessel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stéphane Hessel
Stéphane Hessel, 2012 (cropped).JPG
Gebuer 20. Oktober 1917
Berlin
Gestuerwen 27. Februar 2013
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École normale supérieure, École alsacienne, École libre des sciences politiques, Lycée Louis-le-Grand
Aktivitéit Diplomat, Schrëftsteller, franséische Resistenzler
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Stéphane Frédéric Hessel, gebuer den 20. Oktober 1917 zu Berlin a gestuerwen de 27. Februar 2013 zu Paräis, war e franséischen Diplomat, Ambassadeur, Resistenzler an Auteur.

Seng Eltere waren Däitsch, an hien ass mat hinnen a Frankräich komm, wéi en 8 Joer hat. 1937 krut hien déi franséisch Nationalitéit. 1941 ass hien de Forces françaises libres zu London bäigetratt. Hien huet sech a Frankräich an der Resistenz engagéiert, gouf verhaft an op Buchenwald, duerno an d'Konzentratiounslager Dora deportéiert, wou e mat vill Chance iwwerliewe konnt.

1945 ass hien an de franséischen Ausseministère schaffe gaangen, an huet en Deel vu senger diplomatescher Carrière bei de Vereenten Natioune gemaach. Hie stoung politesch lénks an ass fir en Zesummewuesse vun Europa agetratt.

De Stéphane Hessel huet reegelméisseg zu Themen ëm d'Mënscherechter, Leit ouni Openthaltsgeneemegungen, oder den israelesch-palestinensesche Konflikt Positioun geholl. Bekannt gouf en ë. a. och duerch säi Manifest Indignez-vous !, dat 2010 erauskoum an e groussen internationale Succès hat.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stéphane Hessel – Biller, Videoen oder Audiodateien