Star Academy

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Star Academy ass den Numm vun enger Rei vu Musekscastingshowen, déi vun der Produktiounsfirma Endemol kreéiert gouf an an iwwer fofzeg Länner lafen oder gelaf sinn.

Belsch[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch sinn zwou Versioune gelaf: déi frankophon "Star Académie" op RTL-TVi (2002) an déi holläneschsproocheg Star Academy op Kannal Twee (2005).

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

An Däitschland huet d'Star Academy Fame Academy geheescht an 2003-2004 ass just eng Staffel um Sender RTL II diffuséiert ginn.

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich ass d'Emissioun vun 2001 bis 2009 op TF1 gelaf. Sänger wéi d'Élodie Frégé oder de Michał Kwiatkowski sinn duerch si bekannt ginn.