Élodie Frégé

Vu Wikipedia
Élodie Frégé
Gebuertsnumm Élodie Wanda Frégé
Gebuer 15. Februar 1982
Cosne-Cours-sur-Loire
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Liddermécher, Filmschauspiller


D'Élodie Frégé, gebuer de 15. Februar 1982 zu Cosne-sur-Loire am Departement Nièvre, ass eng franséisch Sängering.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Élodie Frégé huet mat 5 Joer ugefaangen ze danzen a scho fréi Gittar geléiert. 1999 huet hiren Danzprofesser si bei Nuits du Vieux Château ugemellt, nodeem hie si sangen héieren huet. Am selwechte Joer huet si hir Schoul fäerdeg gemaach an ee Joer Englesch zu Dijon studéiert. Duerno huet si sech awer entscheet, als Artistin weider opzetrieden.

2003 huet si um Casting fir déi drëtt Editioun vun der franséischer Musekscastingshow Star Academy deelgeholl. Den 20. Dezember huet si géint de Michal gewonnen, mat deem si awer herno hiert Präisgeld vun enger Millioun Euro gedeelt huet. Den 30. Mäerz 2004 huet si de World Best gewonnen, ee Präis bei deem de beschte Sänger aus alle Gewënner vun der Star Academy aus Europa ermëttelt goufen.

Hiren éischten Album Élodie Frégé ass am Fréijoer 2004 erauskomm. Déi éischt Single De l'eau hat net deen erhofften Erfolleg an nëmmen déi 16. Plaz a Frankräich an déi 11. Plaz an der franséischsproocheger Belsch erreecht. Viens jusqu'à moi, am Duo mam Michal, koum schonn e bëssche besser un an ass wärend e puer Wochen op der 8. Plaz bliwwen. Déi lescht Single Je te dis non huet et an d'Top 40 a Frankräich an an der Belsch gepackt. Schlussendlech gouf den Album zirka 250.000-mol verkaaft, wat nach laang net deen "échec commercial" war, vun deem d'Medien deemools geschwat hunn.

D'Élodie Frégé ass bis elo déi eenzeg Gewënnerin vun der Star Academy, déi hir eegen Texter a Lidder op engem éischten Album konnt duerchsetzen. 2005 huet si Les Ailes de l'Expérience vun der Académie de Mâcon gewonnen.

Am Summer 2006 ass hir Single La ceinture an am September den Album Le jeu des sept erreurs erauskomm. Eng Hallschent vun de Lidder goufe vun der Élodie Frégé selwer, déi aner vum Benjamin Biolay geschriwwen a komponéiert. Den Album, deen direkt bis op déi 12. Plaz vun de meescht verkaaften Albumen a Frankräich geklommen ass, obwuel en net gefërdert gouf, enthält och e Cover vum Serge Gainsbourg a krut gutt Kriticken. En ass vum Élodie Frégé op enger Tournée duerch ganz Frankräich virgestallt ginn. D'Videoclippen zu deenen zwou leschte Singelen Si je reste a La fidélité goufe vun der Catherine Breillat realiséiert. Le jeu des sept erreurs gouf mat Gold fir 85 000 verkaaften Exemplairen ausgezeechent.[1] Op der vum Radiosender Chérie FM organiséierte Gala Étoiles de la Musique am Joer 2007 huet d'Elodie Frégé de Präis als Révélation française de l'année gewonnnen a gouf d'Lidd La ceinture als Meilleure chanson ausgezeechent.

2010 huet d'Élodie Frégé am François Ozon sengem Film Potiche matgespillt an hiren drëtten Album La fille de l'après-midi erausbruecht, dee sech 15.000-mol verkaaft huet.[2] Am Hierscht vum selwechte Joer ass si mat anere franséische Sängerinnen op d'French Kiss Tour duerch verschidden osteuropäesch Stied gaangen.[3] Fir d'Soap Lignes de vie huet si am Summer 2012 zesumme mam Julien Voulzy d'Titellidd C'est l'amour mon amour opgeholl,[4] éier hire véierte Studiosalbum Amuse bouches am Juni 2013 verëffentlecht ginn ass. Déi éischt Single Comment t'appelles-tu ce matin? huet sech op Plaz 127 an de franséische Singlecharts placéiert.

Enn 2013 ass op der Kompilatioun We Love Disney eng Coverversion vum Lidd Un jour mon prince viendra aus dem Zeechentrickfilm Blanche-Neige et les Sept Nains ("Snow White and the Seven Dwarfs") erauskomm.

Duerno souz d'Élodie Frégé 2015 an 2016 an der Jury vun der Castingshow Nouvelle Star fir déi 11. an déi 12. Staffel.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel FranceFrance BelgiumBelgium SwitzerlandSwitzerland
2004 Élodie Frégé 4 7 27
2006 Le jeu des sept erreurs 12 11 65
2010 La fille de l'après-midi 28 24 -
2013 Amuse bouches 19 27 -

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel FranceFrance BelgiumBelgium SwitzerlandSwitzerland Album
2004 De l'eau 16 11 49 Elodie Frégé
Viens jusqu'à moi (mam Michal) 8 5 30
Je te dis non 38 36 -
2006 La ceinture 130 38 - Le jeu des sept erreurs
La fidélité (promotionell Single) - - -
2007 Si je reste - - -
2010 La fille de l'après-midi - - - La fille de l'après-midi
2012 C'est l'amour mon amour (mam Julien Voulzy) - - - /
2013 Comment t'appelles-tu ce matin? 127 - - Amuse bouches
Un jour mon prince viendra 109 - - We Love Disney

Remark:
• de belsche Klassement ass dee vun der franséischsproocheger Belsch

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

2010: Potiche

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Élodie Frégé – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Archivéiert op 2009-04-16. Gekuckt de(n) 2009-10-22.
  2. lefigaro.fr: Star Ac: Que sont devenus les vainqueurs? (13. Dezember 2011; gekuckt de 26. Juli 2013)
  3. ambafrance-hr.org: French Kiss Tour 2 (gekuckt de 26. Juli 2013)
  4. lefigaro.fr: Elodie Frégé chante c'est l'amour mon amour (2. Juli 2012; gekuckt de 26. Juli 2013)