Op den Inhalt sprangen

Le jeu des sept erreurs

Vu Wikipedia
Le jeu des sept erreurs
Studioalbum[*] vun Élodie Frégé
Erauskomm 25. September 2006
Opgeholl 25. September 2006
Genre Nouvelle Chanson[*], Folk Pop[*]
Längt 54:31
Sprooch Franséisch
Label Mercury Records[*]
Produzent Benjamin Biolay
Offiziell Websäiten

Le jeu des sept erreurs ass den zweeten Album vun der franséischer Sängerin Élodie Frégé. En koum de 25. September 2006 eraus. Fir dësen Album huet si sech Hëllef beim Sänger a Komponist Benjamin Biolay geholl, deen hir sechs Lidder geschriwwen huet an déi aner aacht Lidder arrangéiert huet. Hien huet den Album, deen um franséische Plackelabel Mercury erauskoum, och produzéiert.

Donieft huet de franséischen Auteur Jacques Lanzmann den Text vum Lidd La Fidélité geschriwwen. Um Album ass och eng Reprise vum Lidd Le Velours Des Vierges ze fannen, dat vum Serge Gainsbourg geschriwwen an 1978 vun der Jane Birkin gesonge gouf.

De 26. November 2006 ass den Album als Edition Limitée mat engem DVD, zwee neie Lidder (Paris a Mon sourire à l'envers), déi live gesonge sinn, an engem Remix vu La fidélité nei verëffentlecht ginn.

An de franséischen Charts huet den Album et bis op déi drëtt Plaz gepackt an konnt sech 97 Woche laang an den Top 200 halen. An der franséischsproocheger Belsch an an der Schwäiz war den héchste Klassement d'Positoun 12, respektiv 39.[1] Mëtt 2007 gouf den Album mat "Gold" fir 100.000 verkaaften Disquen ausgezeechent.

Standartversioun

[änneren | Quelltext änneren]
# Titel Komponist Dauer
1.La ceintureBenjamin Biolay3:34
2.Fous de rienÉlodie Frégé3:52
3.La fidélitéJacques Lanzmann, Paul Dumonceaux, Nicolas Richard3:39
4. Douce vieÉlodie Frégé3:27
5.Le jeu des 7 erreurs (zesumme mam Benjamin Biolay gesongen)Benjamin Biolay3:38
6.Le velours de viergesSerge Gainsbourg3:31
7.Pas là souventBenjamin Biolay3:54
8.Chez moiÉlodie Frégé3:41
9.Si je reste (un peu)Benjamin Biolay, Keren Ann4:38
10.Est-ce que tu le sais?Benjamin Biolay3:10
11.Je sais jamaisÉlodie Frégé3:53
12.Il en fautD. Morgan, G. Morgan3:17
13.A celleÉlodie Frégé5:11
14.Les rideauxÉlodie Frégé6:53

Limitéiert Editioun

[änneren | Quelltext änneren]
# Titel Komponist Dauer
1.La ceintureBenjamin Biolay3:34
2.Fous de rienÉlodie Frégé3:52
3.La fidélitéJacques Lanzmann, Paul Dumonceaux, Nicolas Richard3:39
4. Douce vieÉlodie Frégé3:27
5.Le jeu des 7 erreurs (zesumme mam Benjamin Biolay gesongen)Benjamin Biolay3:38
6.Le velours de viergesSerge Gainsbourg3:31
7.Pas là souventBenjamin Biolay3:54
8.Chez moiÉlodie Frégé3:41
9.Si je reste (un peu)Benjamin Biolay, Keren Ann4:38
10.Est-ce que tu le sais?Benjamin Biolay3:10
11.Je sais jamaisÉlodie Frégé3:53
12.Il en fautD. Morgan, G. Morgan3:17
13.A celleÉlodie Frégé5:11
14.Les rideauxÉlodie Frégé6:53
15.Mon sourire à l'envers (Neit Lidd)6:53
16.Paris (Neit Lidd)6:53
17.La fidélité (Remixé par Benjamin Diamond) (Neit Lidd)Jacques Lanzmann, Paul Dumonceaux, Nicolas Richard6:53
Bonus DVD
Film: Le jeu des 7 erreurs: making-of de l'album18:00
Clip: La ceinture

Singelauskopplungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • La ceinture
  • Si je reste (un peu)
  • La fidélité

Museksvideoen

[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischte Museksvideo, La ceinture, ass vum belsche Realisateur Jaco Van Dormael gedréint ginn.[2] D'Catherine Breillat, déi och schonn de Clip fir der Elodie Frégé hir drëtt Single aus dem éischten Album realiséiert hat (Je te dis non), war verantwortlech fir d'Clippe vu Si je reste (un peu) a La fidélité, an deenen de Sébastien Degut virkënnt, e Kandidat aus der Star Academy 4.[3] Am Oktober 2007 dunn awer gouf de Video fir La fidélité op eemol geännert an et gouf eng Aart Comic-Video gedréint.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Klassement op lescharts.com (gekuckt de 16. Juni 2012)
  2. virginmega.fr: Clip vun La Ceinture (gekuckt de 16. Juni 2012)
  3. teva.fr: Elodie Frégé retrouve Catherine Breillat pour ses deux nouveaux clips (27. Juli 2007; gekuckt de 16. Juni 2012)
  4. chartsinfrance.net: Elodie Frégé change de clip pour "La fidélité" (22. Oktober 2007; gekuckt de 16. Juni 2012)