Steve Thull
| Steve Thull | |
|---|---|
|
De Steve Thull um Nationale Commemoratiounsdag 2021 | |
| Gebuer |
23. Abrëll 1967 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
École royale militaire, École Militaire |
| Aktivitéit | Offizéier |
| Auszeechnungen | Officier vun der Légion d'honneur |
|
| |
De Steve Thull, gebuer den 23. Abrëll 1967 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Militär a Generol.[1] Hien ass zanter dem 29. September 2020 Chef d'Etat-major vun der Lëtzebuerger Arméi.
Hien huet 1987 bis 1991 op der École royale militaire zu Bréissel studéiert fir Offizéier ze ginn. 2006 bis 2007 huet hien ee weidert Joer zu Paräis gemaach.[2]
Hie war ë. a. Chef vum Peloton mortiers, vum Peloton anti-char a vum Peloton éclaireurs. Dono gouf e Kompanieskommandant, an huet weiderhin am État-major a verschiddene Funktioune geschafft: Zoustänneg fir Personal, fir Ëffentlechkeetsaarbecht, Commandant-adjoint vum Centre militaire, Officier-adjoint, Officier études et planification, an zulescht Officier systèmes d'information et de communication.
Hien huet un der NATO-Missioun IFOR a Bosnien-Herzegovina, der EUFOR-Missioun am Tschad an an der Zentralafrikanescher Republik deelgeholl.
Éierungen[1]
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne
Chevalier avec couronne vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
Officier vum Ordre d'Orange-Nassau
Officier vun der Légion d'honneur [3] (Promotioun 2025)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Steve Thull – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 (fr) Biographie vum Steve Thull. www.armee.lu Archivéiert den 02.07.2022. Gekuckt den 30 9 2020.
- ↑ CV am Artikel Feierlech Zeremonie um Härebierg." op rtl.lu, 29.09.2020 19:54.
- ↑ Instagram. www.instagram.com. Gekuckt de 06.03.2025.
