Stonnenachs

Vu Wikipedia
D'Astellméiglechkeeten un engem Teleskop

D'Stonnenachs (och Rektaszensiounsachs) ass e Begrëff aus der Astronomie a bezeechent d'Achs vun enger equatorialer Teleskopmontéierung, fir d'Teleskop der deeglecher Dréiung vum Stärenhimmel nozeféieren.

D'Stonnenachs stellt bei exakter Ausriichtung déi lokal Parallel zu der Äerdachs duer a weist domat genee zum Himmelspol vun der jeeweileger Hemisphär.

Si bezeechent gläichzäiteg ee vu véier méigleche Fräiheetsgraden vun engem astronomeschen Teleskop. Ëm dës Achs dréien sech visuell all Himmelsobjeten. Wann een d'Teleskop noféiert (mat der Hand oder motoresch), kann een dem Laf vun den Himmelsobjeten (Sonn, Planéit, Stär, asw.) follegen. Eng Ëmdréiung geschitt net an 24 Stonnen, mä ronn 4 Minutten méi séier (kuckt Stärendag an Stärenzäit).

Déi véier Fräiheetsgrade vun engem Teleskop sinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie