Op den Inhalt sprangen

Groupe Sudmedia

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Sud Presse)
Groupe Sudmedia
Typ Aktiegesellschaft (SA)
Grënnungsdatum 1998
Sëtz Rue de Coquelet 134
5000 Namouer
Belsch
Branche Medien

De Groupe Sudmedia ass eng belsch Medienentreprise, déi 1998 gegrënnt gouf. Bis 2021 huet si Sudpresse geheescht. Hire Sëtz ass zu Namouer.[1]

D'Entreprise gehéiert zum belsche Mediekonglomerat Rossel, deem ënner anerem och d'Dageszeitung Le Soir gehéiert.[2]

Sudmedia regruppéiert verschidde Proximitéitsmedien an der franséischsproocheger Belsch. Dozou zielen déi lokal Dageszeitunge vun der Mark Sudinfo; d'Gratiszeitung VLAN; d'Zäitschrëfte Ciné Télé Revue a 7 Dimanche; an de Radiosender Maximum. An der Vergaangenheet huet och de Radiosender Must FM (zënter 2024: Inside Radio) zu Sudmedia gehéiert.[2]

Ënnert der Mark Sudinfo gëtt et am ganze fënnef regional Dageszeitungen, déi zwar aner Nimm mee de selwechte Branding hunn. Déi fënnef Zeitungen hunn hir Internetpresenz all um Site sudinfo.be, dee sech an am Ganzen an 12 lokal Editiounen deklinéiert:

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Sudmedia an der belscher Banque-Carrefour des Entreprises (BCE)
  2. 1 2 (fr) Groupe Sudmedia. rossel.be. Gekuckt den 18. Abrëll 2026.