Sulpicius Gallus (Moundkrater)
Ausgesinn
|
| |
| Koordinaten | 19°37'48"N, 11°40'48"O |
|---|---|
| Duerchmiesser | 11,6 km |
| Déift | 2.170 m |
| Selenographesch Längt | 349° bei Sonnenopgank |
| Genannt no | Gaius Sulpicius Galus |
| Genannt am Joer | 1935 |
| Moundvéiereck | LQ12 |
De Sulpicius Gallus ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit. E läit am Flaachland vum Mare Serenitatis um Fouss vun de Montes Haemus.
Nordwestlech vum Krater lafen d'Rimae Sulpicius Gallus parallel zu de Montes Haemus a südëstlech d'Dorsa Sorby an der selwechter Richtung. Och parallel zu de Montes Haemus läit méi wäit am Zentrum vum Mare Serenitatis de Biergréck vum Dorsum Buckland.
| Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
|---|---|---|---|
| A | 22,07° N, 8,93° O | 4 km | |
| B | 17,99° N, 12,95° O | 7 km | |
| G | 19,78° N, 6,31° O | 6 km | |
| H | 20,53° N, 5,73° O | 4 km | |
| M | 20,39° N, 8,7° O | 4 km |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. offiziell nom réimesche Feldhär an Astronom Gaius Sulpicius Galus genannt.
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sulpicius Gallus – Biller, Videoen oder Audiodateien |