Sydney Samuel Hough

Vu Wikipedia
Sydney Samuel Hough
Gebuer 11. Juni 1870
Gestuerwen 8. Juli 1923
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun St John's College
Aktivitéit Astronom, Mathematiker
Member vun Royal Society

De Sydney Samuel Hough, gebuer am Joer 1870 zu Stoke Newington a gestuerwen den 8. Juli 1923 an England, war en engleschen Astronom.

Den Hough ass am Christ's Hospital zu London an d'Schoul gaangen an huet um St. John's College zu Cambridge studéiert, wou hien och Fellow ginn ass.

Hie gouf duerno fir d'éischt Haaptassistent vum David Gill um Kinneklechen Observatoire um Kap vun der Gudder Hoffnung a Südafrika, wou hie spéider Direkter vun 1907 bis 1923 war. Den Hough war en exzellente Mathematiker mat ufanks wéineg praktescher astronomescher Erfarung, hien huet awer ënner dem Gill séier dobäi geléiert an ass mat deem senge Kontributioune beim Projet Carte du Ciel weidergefuer.

Den Hough war Member vun der Royal Society an am Joer 1908 den éischte President vun der Royal Society of South Africa. Den Hough huet sech ausserdeem mat der Theorie vun de Gezäite befaasst.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie