Op den Inhalt sprangen

T Tauri

Vu Wikipedia
Den T Tauri
NummT Tauri
Stärebild:Taurus (Tau)
Daten
EquinoxeJ2000.0
Rektaszensioun04h 21m 59.434s
Deklinatioun+ 19° 32' 06.43"
visuell Magnitude+ 9,81 mag
Spektralklass:K0 IIIe
Astrometrie
Radialvitess:(23,9 ± 1,5) km/s
Parallax(5,48 ± 1,58) mas
Distanz(590 ± 170) Lj
Absolut Hellegkeet+3,50 mag
Physikalesch Eegenschaften
Aner Bezeechnungen
Bonner DuerchmusterungBD +19° 706
Henry-Draper-KatalogHD 284419
Hipparcos-KatalogHIP 20390
Tycho-KatalogTYC 1272/470/1

Den T Tauri (kuerz: T Tau) ass e verännerleche Stär am Stärebild Taurus. Et ass de Prototyp vun den T-Tauri-Stären.

Den T Tauri gouf am Joer 1852 vum John Russell Hind entdeckt. Vun der Äerd aus gesinn erschéngt den T Tauri tëscht de Stäre vum Oppene Stärekoup vun den Hyaden, net wäit vum ε Tauri, ass awer a Wierklechkeet mat ongeféier 580 Liichtoer däitlech méi wäit ewech. Den „T“ am Numm follegt de Reegele vun der Benennung vu verännerleche Stären a seet, datt den T Tauri den drëtte verännerleche Stär ass, deen am Stärebild Taurus entdeckt gouf. Seng visuell Magnitude variéiert zäitlech onreegelméisseg tëscht 9,3 an 13,5 mag.[1]

Wéi all T-Tauri-Stären ass den T Tauri selwer och jonk, nëmmen e puer Millioune Joer al. Hie steet a Verbindung mat dem Reflexiounsniwwel NGC 1554-1555 (Hindschen Niwwel, vdB 28), dee seng Hellegkeet opfälleg variéiert.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. http://www.daviddarling.info/encyclopedia/T/T_Tauri.html