Taifun (Rakéit)

Vu Wikipedia

D'Taifun war eng Fligerofwierrakéit an déi klengst Flëssegkeetsrakéit déi als technescht Nieweprodukt vun der A4 vun der Wehrmacht am Zweete Weltkrich entwéckelt gouf.

Well si géint Enn vum Krich entwéckelt gouf ware grouss Efforte gemaach gi fir de Materialverbrauch an den Dreifstoffkonsum sou niddreg wéi méiglech ze halen. Et war och déi lescht Rakéit déi vun den Elektromechanischen Werke GmbH, Peenemünde entwéckelt gouf, fir mat enger Masseproduktioun déi alliéiert Bomberverbänn kënnen ze deziméieren.

Déi lescht Entwécklung vun dëser Rakéit war d'Taifun T/K3/L3.

Se hat e Kaliber vun 10 cm, a war 1,89 Meter laang. Mat der Sprengcharge vu 500 Gramm hat se een Eegegewiicht vun 9 kg, sou datt se mat 10 kg Dreifstoff, e Startgewiicht vun 19 kg hat.

Mat enger Schubkraaft vun enger hallwer Tonn, déi 4 Sekonnen ugehalen huet, huet si bei enger Vitess vun 2.740 km/h eng maximal Héicht a Reechwäit vu 15 km erreecht. Se gouf praktesch am Senkel gestart a war net steierbar.

Den Dreifstoff war e Gemësch aus Salbei, zesummegesat aus 90 % Salpéitersaier an 10 % Schwiefelsaier als Oxydateur, an Tonka-250, deen aus siwe Komponenten zesummegesat gouf, mat den Haaptbestanddeeler Aminoxylol an Triäthylamin.

D'Entwécklung vun der Rakéit huet den Dr. Scheuffelen geleet. Aerodynamesch war d'Rakéit séier op Funktiounsniveau awer d'Entwécklung vum Flëssegkeetsdreifwierk ass net richteg weidergaangen. Dofir gouf fir d'Entwécklungszäit z'iwwerbrécken eng Versioun produzéiert déi mat Polver ugedriwwe gouf, d'Taifun P, där hir Stabiliséierung an Treffgenauegkeet awer net sou gutt waren.

Gläichzäiteg mat der Bestellung vun 10.000 Taifun Flëssegkeetsrakéiten a 50.000 Taifun P, goufe 400 Ofschossbatterie mat all Kéier 12 Lanceure bestallt. Bis zum Krichsenn konnten awer nëmmen e puer honnert Rakéite geliwwert ginn an et goufen nëmmen 30 Proufstarte gemaach.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Botho Stüwe: Peenemünde-West, 2003, Aero Verlag Zuerl GmbH, Petershausen