Op den Inhalt sprangen

Tajo

Vu Wikipedia
Tajo
Längt 1.007 km
Debit 500 m³/s
Hydrographesche
Baseng
Tagusbaseng
Fläch vum Anzuchsgebitt 80.602 km²
Leeft an Atlanteschen Ozean
Haaptnieweflëss Ocreza, Pônsul, Trancão, Alviela, Ribeira de Barcarena, Ribeira de Nisa, Alenquer, Almonda, Alpiarça, Coina, Grande da Pipa, Jamor, Judeu, Maior, Rio da Ota, Rio Sorraia, Sever, Erges
Den Tajo zu Toledo

Den Tajo (op Spuenesch Tajo [ˈtaxo̞], op Portugisesch Tejo [ˈtɛʒʊ], op Latäin Tagus an op Algriichesch Τάγος Tagos), ass de längste Floss op der Ibeerescher Hallefinsel. En huet eng Längt vun 1.038 km, a leeft duerch Spuenien a Portugal.

En entspréngt a Spuenien un der Quell Fuente de García an de Bierger Sierra de Albarracín, op enger Héicht vu 1.593 m a leeft a Portugal zu Lissabon an den Atlantik.

Déi éischt 716 km leeft en a Spuenien, méi genee an den autonome Regiounen Aragonien, Kastilien-La Mancha, Madrid an Extremadura. Duerno mécht en op 47 km d'Grenz tëscht Spuenien a Portugal a leeft dann do 275 km duerch d'Regiounen Alto Alentejo, Ribatejo an Estremadura bis op Lissabon.

Déi wichtegst Stied déi den Tajo passéiert sinn Aranjuez, Toledo an Talavera de la Reina a Spuenien, an Abrantes, Santarém a Lissabon a Portugal.

Säin Anzuchsgebitt huet am Ganze ronn 80.600 km². An deem Gebitt liewen 10 Millioune Leit. Dozou zielen d'Metropolregiounen Lissabon a Madrid.

D'Vasco da Gama Bréck iwwer den Estuaire vum Tago war mat 17.185 Meter eng Zäitchen[Wéini?] déi längst Bréck vun der Welt.

 Commons: Tajo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]