Televisiounssender (Organisatioun)
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Televisiounssender oder Fernseesender ass eng Institutioun, déi Televisiounsprogrammer diffuséiert an dacks och selwer produzéiert. Och d'Kanäl op der Televisioun, op denen d'Programmer lafen, ginn esou genannt.
Eng Institutioun kann e puer Programmer mat ënnerschiddlechen Nimm senden, déi op ënnerschiddleche Kanäl um Fernsee lafen. Esou ass de belschen RTBF nieft verschiddene Radiosenderen och fir d'Televisiounsprogrammer La Une, Tipik a La Trois verantwortlech. D'RTBF ass en ëffentlech-rechtlech Fernseesender.
Ëffentlech-rechtlech Fernseesender gi vum Staat finanzéiert a gedroen, wéi zum Beispill den ARD an den ZDF an Däitschland a France Télévisions (France 2, France 3...) a Frankräich.
Donieft gëtt et awer och privat Televisiounssenderen. Ee vun de gréisste private Mediegruppen an Europa, RTL Group, bedreift eng ganz Rei privat Fernseesenderen, zum Beispill de franséischen M6, den däitschen RTL Television oder den hollänneschen RTL4.
De gréisste lëtzebuergeschen Televisiounssender ass RTL Télé Lëtzebuerg. En ass e Spezialfall, well de Programm vun enger Privatentreprise produzéiert gëtt, déi de Lëtzebuerger Staat dofir finanziell kompenséiert. Am Konzessiounsvetrag tëscht RTL an dem Staat gouf 2020 festgehal, dat de Staat RTL all Joer bis zu 10 Milliounen Euro bezilt, fir de finanziellen Defizit vun der Produktioun vum Programm ze komponséieren.[1][2]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Kulturgeschicht vu Lëtzebuerg: Mediegeschicht (Auteur: Yves Steichen)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 100komma7.lu: Eng verpasste Chance vum Romain Goerend (9. Februar 2017)
- ↑ rtl.lu: Géint eng Taxe fir RTL-Tëlee, fir e Gesetz fir den 100,7 (14. Juli 2020)