Terre-de-Bancalié
Ausgesinn
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Am Zentrum vu Roumégoux | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Occitanie | ||||
Departement | Tarn | ||||
Arrondissement | Albi | ||||
Kanton | Haut Dadou | ||||
Postcode | 81120 | ||||
Gemengecode | 81233 | ||||
Koordinaten | 43° 54’ 27’’ N 02° 16’ 26’’ O | ||||
Haaptuert | Roumégoux | ||||
Fläch | 8 414 ha | ||||
Bevëlkerung | 1 696 (2016) |
Terre-de-Bancalié (op Okzitanesch: Tèrra de Bancaliá) ass zanter dem 1. Januar 2019 eng Nei Gemeng am Departement Tarn an der Regioun Occitanie.
Déi nei Gemeng ass bei der Fusioun vun de fréiere Gemenge Roumégoux, Ronel, Terre-Clapier, Le Travet, Saint-Antonin-de-Lacalm a Saint-Lieux-Lafenasse, entstanen.
De Sëtz vun der Gemeng ass zu Roumégoux.
Déi fréier Gemenge funktionéieren als Delegéiert Gemengen an der neier territorialer Entitéit.
Hydrographie
[änneren | Quelltext änneren]- De Lézert en Niewefloss vum Dadou dee seng Quell an der Nopeschgemeng Teillet huet leeft quessch vun Norden no Süden duerch d'Gemeng a fiddert de Séi vu Bancalié.
- Den Assou och en Niewefloss vum Dadou mécht am Norden d'Grenz mat der Gemeng Mouzieys-Teulet.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- De Barrage vu Bancalié mat dem Séi
- D'Kapell Notre-Dame de la Brune zu Roumégoux
- D'Kierch Saint-Martial vu Ronel
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Departement Tarn
- Arrondissementer am Departement Tarn
- Kantonen am Departement Tarn
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Tarn
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Terre-de-Bancalié – Biller, Videoen oder Audiodateien |