Théâtre de la Batte

Vu Wikipedia
Théâtre de la Batte
Gravur vum Julius Milheuser (1649), fir den Atlas de Baeu
Land Belsch
Gemeng Léck
Koordinaten 50°38'47,04"N, 5°34'55,43"O
Ofgerappt oder zerstéiert 1807

Den Théâtre de la Batte oder och Théâtre sur la Batte war en Theater op der Batte zu Léck, um lénksen Uwänner vun der Meuse.

Et war e grousst Gebai op dräi Stäck dat am Ufank vum 17. Joerhonnert gebaut gouf, an déi Zäit ënner dem Numm Maison du poids public bekannt war. Et ass deemools als Hal fir de Stockage vu Weess gebraucht ginn, an als Entrepot vun der Douane.

Géint 1715 hunn italieenesch Kaméidispiller ugefaangen, am grousse Sall iwwer der Lagerhal, Stécker opzeféieren. Et huet awer bis den 19. September 1767 gedauert, bis den Theatersall ageweit gouf.

Den Theater op der Batte hat hat ëmmer e grousse Succès bis d'Gebai op Neijoerschdag 1805 duerch e Brand zerstéiert gouf.