The Grund Club Luxembourg
| The Grund Club Luxembourg | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Grënnungsdatum | 31. Dezember 2015 |
| Sëtz | Esch-Uelzecht |
| 5, Avenue du Rock'n Roll | |
| President | Luc Henzig |
| RCS | F10646 |
|
| |
The Grund Club (Luxembourg) ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi den 31. Dezember 2015 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt gouf. Den Numm leet sech vum Stater Quartier Gronn of.
Ziler vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]Den Haaptzweck vum Veräin ass et, en Archiv vu Lidderkompositiounen vu Lëtzebuerg an aus senge Grenzgebidder zesummenzestellen an déi Lidder am Kader vun Optrëtter bekannt ze maachen.
„L'association a pour but de promouvoir et soutenir les musiciens du Luxembourg et de la région limitrophe au niveau de leurs créations artistiques leurs spectacles et enregistrements. L'association a aussi pour objet de tenir une base de données consultable dans le respect des lois en la matière ainsi que de donner des conseils gratuits aux auteurs et compositeurs. Dans la poursuite de sa mission, l'association se propose de coopérer avec les institutions privées ou publiques, locales et nationales, régionales et interrégionales, dédiées à des objectifs similaires. L'association serait autorisée de fonctionner en réseau avec des structures analogues à l'étranger. L'association est neutre sur le plan idéologique, politique et confessionnel.“
De Veräi bestoung uganks 2016 aus engem Kollektiv vu ronn 30 Museker a Lidderschreiwer, déi reegelméisseg Lidderowenter organiséieren:
- Grund Club Songwriter season shows: véiermol am Joer an der Abtei Neimënster;
- Grund Club Voices shows: all Mount, fir eenzel Sänger d'Geleeënheet ze ginn, e ganzen Owend opzetrieden;
- Private sessions: sechsmol am Joer, wou déi bescht Lidderschreiwer "unplugged" optrieden;
- Open Mic Afternoons: all 2 Wochen am virleefege Kreativzentrum Hariko vum Lëtzebuergesche Roude Kräiz.
Dernieft organiséiert de Grund Club Museksatelieren a Musekscoursen, bitt de Sänger a Lidderschreiwer Hëllef un, fir sech ze professionaliséieren.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Veräi geet op d'Initiativ vum Lidderschreiwer Lata Gouveia zeréck, deen zanter 2012 reegelméisseg zu Lëtzebuerg optrëtt an an déi lëtzebuergesch Musekszeen eragewuess ass. Den inoffizielle Startschoss vum Grund Club war den 20. September 2013, wéi de Lata Gouveia den éischte vun enger Serie vu Sänger- a Lidderschreiwerowenter organiséiert huet. Zanter dem September 2014 begleet eng eege Musekscombo, de Grund Club Quartet, déi verschidde Sänger.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Dem Grund Club seng Facebook-Säit (en)
- E Blogbäitrag iwwer: The Grund Club Luxembourg asbl – supporting local songwriters (en)
