The Hunt for Red October (Roman)

Vu Wikipedia
Den Deckel vum Buch

D'Buch The Hunt for Red October vum Tom Clancy ass e Polit-Thriller den am Joer 1984 erauskomm ass. Ganz séier stoung en op de Bestseller-Lëschten a gouf e groussen internationalen Erfolleg.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Et ass den éischte Roman aus der Serie iwwer de fiktiven Held Jack Ryan.

Den Admiral Padorin, ee vun den héchste Politoffizéier an der russescher Marinn, gëtt gewuer, datt den Equipage vum modernste russeschen U-Boot, ausgerëscht mat sëllege Rakéiten an Atomsprengkäpp, mat dem U-Boot wëlles huet an de Westen iwwerzelafen. Hien hetzt seng ganz Krichsflott mat Schëffer an U-Booter hannendrun.

De Marko Ramius, de Kommandant vun der Red October, gëtt allerdéngs vun den Amerikaner ënnerstëtzt, déi sech denke wat hie wëlles huet. Säi Boot kënnt him dobäi zu Hëllef, well et e revolutionären Undriffssystem huet, deen et bal onméiglech mécht fir festzestellen wou d'Boot ass.

An den Déifte vum Mier entwéckelt sech eng spannend Juegd tëscht deenen zwou Supermuechten.

Verfilmung[änneren | Quelltext änneren]

Dëse Roman gouf am Joer 1990 ënner dem selwechten Numm (op Däitsch: Jagd auf Roter Oktober) verfilmt vum John McTiernan mat an den Haaptrollen den Alec Baldwin als Jack Ryan an de Sean Connery als Captain Marko Ramius.

Ausgaben[änneren | Quelltext änneren]

  • Orginalausgab: United States Navel Institute Annapolis, Maryland 1984;
  • Däitsch Ausgab: Jagd auf Roter Oktober, Bern a München 2001; ISBN 3453189795
Bicher vum Tom Clancy

Fiktioun:
1980: The Hunt for Red October | Red Storm Rising | Patriot Games | The Cardinal of the Kremlin | Clear and Present Danger
1990: The Sum of All Fears | Without Remorse | Debt of Honor | Executive Orders | SSN | Rainbow Six
2000: The Bear and the Dragon | Red Rabbit | The Teeth of the Tiger


Net-Fiktioun:
1990: Submarine | Armored Cav | Fighter Wing | Marine | Into the Storm | Airborne | Carrier | Every Man a Tiger
2000: Special Forces | Shadow Warriors | Battle Ready