The Sum of All Fears
| The Sum of All Fears | |
|---|---|
|
| |
| Buchstyp | Roman |
| Auteur | Tom Clancy |
| Ursprongsland | Vereenegt Staate vun Amerika |
| Genre | Science-Fiction |
| Erauskomm | 14. August 1991 |
| Sprooch | amerikanescht Englesch |
| Nofollger | Debt of Honor |
|
| |
D'Buch The Sum of All Fears vum Tom Clancy ass e Polit-Thriller den am Joer 1991 erauskomm ass.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]De Roman ass e vu villen aus der Serie iwwer de fiktiven Held Jack Ryan. Eng seltsam Entdeckung am Noen Oste léist e Konflikt aus, deen zu enger internationaler Katastroph kéint féieren. En neit Kapitel am Kale Krich huet ugefaangen an den Jack Ryan, e Geheimagent aus den USA, zoustänneg fir Top-Secret-Fäll, muss sech der Saach unhuelen. Hie muss praktesch e Kampf ouni gutt Aussiichte géint d'Zäit féieren an d'Fro stellt sech wie gewënnt: d'Vernonft oder de Vernichtungswahn.
Verfilmung
[änneren | Quelltext änneren]Dëse Roman gouf am Joer 2002 ënner dem selwechten Numm (op Däitsch: Der Anschlag) verfilmt mat an den Haaptrollen de Ben Affleck als Jake Ryan an de Morgan Freeman.
Ausgaben
[änneren | Quelltext änneren]- Orginalausgab: G.P.Putnam's Sons, New York, 1991;
- Däitsch Ausgab: Das Echo aller Furcht, München 1992; ISBN 3-442-45647-9
| Bicher vum Tom Clancy |
|---|
|
Fiktioun: Net-Fiktioun: |
