Patriot Games (Roman)
D'Buch Patriot Games vum Tom Clancy ass e Polit-Thriller, deen am Joer 1987 erauskomm ass an op d'Bestsellerlëschte komm ass.
Et ass deen zweete Roman, nom The Hunt For Red October, aus der Serie iwwer de fiktiven Held Jack Ryan. Chronologesch gesinn ass et awer den éischten aus der Serie.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Geschicht iwwer de Jack Ryan steet ganz am Ufank. Hien ass Professer fir Militärgeschicht an ass op enger Rees zu London mat senger Famill. Duerch Zoufall geréit hien an en Terroruschlag vun enger Splittergrupp vun der IRA, déi et op d'Famill vum britteschen Trounfolger ofgesinn huet.
Hie verhënnert d'Attentat an erschéisst ee vun de Kidnapper. Den Haaptmann vun hinne kann allerdéngs fortlafen a wëll sech um Ryan a senger Famill rächen.
Verfilmung
[änneren | Quelltext änneren]Dëse Roman gouf am Joer 1992 ënner dem selwechten Numm (op Däitsch: Die Stunde der Patrioten) vum Phillip Noyce verfilmt mat an den Haaptrollen den Harrison Ford als Jack Ryan an de Sean Bean als ireschen Attentäter Sean Miller.
Ausgaben
[änneren | Quelltext änneren]- Däitsch Ausgab: Die Stunde der Patrioten, ISBN 3442098041
Bicher vum Tom Clancy |
---|
Fiktioun: Net-Fiktioun: |