Patriot Games (Roman)

Vu Wikipedia

D'Buch Patriot Games vum Tom Clancy ass e Polit-Thriller, deen am Joer 1987 erauskomm ass an op d'Bestsellerlëschte komm ass.

Et ass deen zweete Roman, nom The Hunt For Red October, aus der Serie iwwer de fiktiven Held Jack Ryan. Chronologesch gesinn ass et awer den éischten aus der Serie.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht iwwer de Jack Ryan steet ganz am Ufank. Hien ass Professer fir Militärgeschicht an ass op enger Rees zu London mat senger Famill. Duerch Zoufall geréit hien an en Terroruschlag vun enger Splittergrupp vun der IRA, déi et op d'Famill vum britteschen Trounfolger ofgesinn huet.

Hie verhënnert d'Attentat an erschéisst ee vun de Kidnapper. Den Haaptmann vun hinne kann allerdéngs fortlafen a wëll sech um Ryan a senger Famill rächen.

Verfilmung[änneren | Quelltext änneren]

Dëse Roman gouf am Joer 1992 ënner dem selwechten Numm (op Däitsch: Die Stunde der Patrioten) vum Phillip Noyce verfilmt mat an den Haaptrollen den Harrison Ford als Jack Ryan an de Sean Bean als ireschen Attentäter Sean Miller.

Ausgaben[änneren | Quelltext änneren]

Bicher vum Tom Clancy

Fiktioun:
1980: The Hunt for Red October | Red Storm Rising | Patriot Games | The Cardinal of the Kremlin | Clear and Present Danger
1990: The Sum of All Fears | Without Remorse | Debt of Honor | Executive Orders | SSN | Rainbow Six
2000: The Bear and the Dragon | Red Rabbit | The Teeth of the Tiger


Net-Fiktioun:
1990: Submarine | Armored Cav | Fighter Wing | Marine | Into the Storm | Airborne | Carrier | Every Man a Tiger
2000: Special Forces | Shadow Warriors | Battle Ready