Op den Inhalt sprangen

The One

Vu Wikipedia

The One war eng lëtzebuergesch Castingshow, déi fir am Juni 2012 op RTL Télé Lëtzebuerg gesent gouf. An dëser Sendung gëtt déi Persoun mat der beschter Gesanksstëmm vu Lëtzebuerg gesicht. Et ass d'Nofollegsendung vu Wanns de eppes kanns!. D'Show orientéiert sech um Format vun The Voice.

RTL Lëtzebuerg hat am Virfeld vun der Emissioun Kontakt mat de Produzente vun The Voice opgeholl, fir déi Sendung och zu Lëtzebuerg ze produzéieren, mee déi hu gesot, Lëtzebuerg wier ze kléng dofir an datt et net genuch lokal Talent géif ginn. Dowéinst huet RTL säin eegent Konzept entwéckelt. De Programm hat e Budget vun 120.000 Euro.[1]

De Prinzip vun der Emissioun

[änneren | Quelltext änneren]

All Kandidat ass an engem Tounstudio anonym an onsiichtbar virun enger Jury opgetrueden, déi dann entscheet huet, wien an d'Virauswiel koum. Nëmmen d'Stëmm gouf als Krittär geholl. Vun de 16 Kandidate gouf jee ee Lidd opgeholl an d'Lidder ënner engem Pseudonym e puer Wochen op RTL Radio Lëtzebuerg an Eldoradio gespillt.[1] Si konnten och per Internet gelauschtert an kaaft ginn. D'Leit konnte per SMS an duerch d'Kafe fir d'Lidder ofstëmmen.

Déi 8 bescht Kandidate koumen an d'Finall an eng Show, an där all Kandidat zwéi Lidder konnt presentéieren. D'Zuschauer an der Hal an doheem konnte per SMS an iwwer d'Tële vun der Post de Gewënner wielen. Eréischt beim Sange vum zweete Lidd gouf déi wierklech Identitéit vun de Kandidaten opgedeckt.

Presentéiert gouf déi éischt Sendung vum Bob Konsbrück an der Monica Semedo. De Gast Waltzing war zoustänneg fir d'Produktioun vun de Lidder am Tounstudio an zesumme mat senger Band fir d'musikalesch Begleedung bei der Live-Sendung, déi an der Rockhal war.

An der Jury souzen d'Sängerin Thorunn Egilsdottir, de Sänger Daniel Balthasar, den David Moreira (Sänger vun der Band Eternal Tango) an den Olivier Toth, dem Direkter vun der Rockhal.[2]

Et gouf just eng Staffel vun The One, fir déi am Abrëll 2012 zwou Casting-Ronnen organiséiert goufen. Do sinn am Ganzen zirka 250 Kandidaten ugetrueden.[1] De 17. Abrëll huet d'Jury decidéiert, wien an d'Virauswiel koum. Den 29. Mee ass no der Ofstëmmung follgend Resultat erauskomm:

Nr.LiddPseudonymVoting %Selektionéiert
1Heavy CrossGossip Girl6.77nee
2Fallin'Fallin Alice9.93jo
3Rolling in the DeepLittle Blue6.70nee
4One Night OnlyJenny River7.48jo
5Someone Like YouLaurie Soul10.00jo
6ValerieMiss Amy5.28nee
7AngelsWilly Stone10.06jo
8You and IStefani Sky3.83nee
9FeverPeggy Groove0.88nee
10I Wish I Was a Punk RockerSandy Pebble9.84jo
11Je veuxBaby Zaz7.92jo
12Warwick AvenueAimee Ann8.52jo
13RecipeQueen Aura9.90jo
14Stronger Than MeJacky Funk0.79nee
15Use SomebodyPrince Leon2.10nee
16---opginn

An der Finall, enger Livesendung, déi den 10. Juni sonndesowes an der Rockhal war, hu sech déi aacht Finaliste virun der Jury an dem Publikum presentéiert. Jiddwereen huet als éischt hanner engem Schierm, wou ee just d'Konture gesinn huet, säin éischt Lidd presentéiert. Gläichzäiteg konnt och scho per SMS ofgestëmmt ginn an den aktuelle Stand vun der Ofstëmmung ass och permanent ugewise ginn.

Duerno huet all Kandidat sech kuerz virgestallt an huet dann en zweet Lidd gesongen. Du konnt weider ofgestëmmt ginn, et ass awer kee Resultat méi ugewise gi bis zum Schluss vun der Ofstëmmung. D'Jury hat keen Afloss méi op d'Endresultat. D'Resultater sinn du fir jiddweree bekannt gemaach ginn:

PlazPseudonymNummVoting %[3]
1Willy StoneArmand Thies18.37
2Laurie SoulNadine Rodrigues16.59
3Sandie PebbleKim Girrens13.84
4Jenny RiverLaura Dumlich13.52
5Aimee AnnDebbie Kirsch12.87
6Baby ZazCaroline Antoine12.71
7Fallin AliceCarina Araujo7.33
8Queen AuraCaroline Molitor4.77

An den éischten zwou Wochen huet de Public 20.000 SMSe geschéckt.[1] Am Ganze goufe schlussendlech 42.000 SMSe geschéckt.[4],[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 4 paperjam.lu: «The One, c’est déjà 20.000 SMS» vum Nicolas Raulot (24. Mee 2012)
  2. luxtimes.lu: Have you got the voice to be “The One”? (21. Mäerz 2012)
  3. 1 2 wort.lu: Armand Thies ist "The one" (11. Juni 2012)
  4. rtl.lu: THE ONE: Armand Thies alias Willy Stone est "The One" (11. Juni 2012)