The Runway

Vu Wikipedia
The Runway
Film
Produktiounsland Irland
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2010
Première 2010
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Ian Power
Dréibuch Ian Power
Fotografie P. J. Dillon
Musek Gast Waltzing
Produzent Fastnet Films
Lucil Film
Poderosa Pictures
Schauspiller
Demian Bichir
Kerry Condon
James Cosmo
Mark Doherty
Claire Johnston
Nilton Martins
Bruno Bichir
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

The Runway ass e Film vum iresche Regisseur Ian Power.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film erzielt d'Geschicht vum Ernesto, engem südamerikanesche Pilot, deen 1983 bei engem klengen Duerf bei Cork, an Irland, eng Noutlandung muss maachen. D'Awunner hëllefen him nees fortzekommen andeems se him eng Pist amenagéieren...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Film baséiert op enger richteger Geschicht. En Deel vun de Bannenopname gouf zu Lëtzebuerg gedréint.

Geschichtlechen Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. Abrëll 1983 hat eng mexikanesch Grumman Gulfstream II um Hippodrom vu Mallow an der Grofschaft Cork eng 35 Kilometer nërdlech vu Cork eng Noutlandung gemaach. De Fluchkapitain war de Reuben Ocaña. Op Käschte vun der Versécherungsgesellschaft gouf eng 900 Meter laang provisoresch Tarmacspist gebaut, fir datt de Fliger nees konnt weiderfléien.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Fiche op cna.public.lu (gekuckt 2013-12-23).