The Winklepickers

Vu Wikipedia

The Winklepickers ass eng lëtzebuergesch Band, déi virun allem Rhythm & Blues aus de 70er an 80er Jore spillt.

Déif am Chicago-Stil verwuerzelt, fillt sech The Winklepickers staark beaflosst vun der rauer, kräfteger an direkter Spillaart, wéi se vu brittesche Gruppe wéi Dr. Feelgood an Nine Below Zero bekannt ass. D'Winklepickers hu sech dorop spezialiséiert, Klassiker vu fréiere Bluesmuseker wéi Muddy Waters, Willie Dixon, Elmore James oder Sonny Boy Williamson zäitgeméiss z'interpretéieren. Des Weidere stinn am Repertoire och aktuell Stécker (ë. a. Fabulous Thunderbirds) an Eegekompositiounen.

D'Band gouf am Januar 2001 gegrënnt an huet den 20. Abrëll vun deem Joer hiren éischte Concert ginn. Am Hierscht 2010 ass d'Band um Lucerne Blues Festival 2010 zu Luzern opgetrueden.[1]

Bis zum Doud vum Bassist Paul Lebrun am Joer 2014 huet d'Band aus follgende Museker bestanen: Roger Melcher (Mondharmonika/Gesank), Roland Meyer (Gittar), Paul Lebrun (1954-2014, Bass/Gesank) a Paul Neuen (Batterie)[2]. Zanter 2016 trëtt d'Band heiansdo am Duo Melcher / Meyer op.

Den Numm Winklepickers (och nach Winkle Pickers) kënnt vu spezielle Schong oder Stiwwelen, déi zanter den 1950er Jore vu brittesche Fane vum Rock & Roll gedroe ginn.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Twelve R&B Knock-Outs
  • 2012: Haddocks and French Kisses[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. www.bluesfestival.ch
  2. Fréiere Batteur vum Grupp war den Tom Lehnert.
  3. D'Diskographie vun de Winklepickers op Rate Your Music