Theodore Lyman

Vu Wikipedia
Theodore Lyman
Gebuer 23. November 1874
Boston
Gestuerwen 11. Oktober 1954
Cambridge
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences

Den Theodore Lyman, gebuer den 23. November 1874 zu Boston, Massachusetts a gestuerwen den 11. Oktober 1954 zu Cambridge, Massachusetts, war en amerikanesche Physiker.

De Lyman hat op der Harvard Universitéit studéiert, wou hie vun 1921 un als Professer geléiert huet. 1906 hat hien déi no him genannt Spektralserie (Lyman-Serie) vum Waasserstoffatom entdeckt.

Fir seng Verdéngschter z'éiere gouf hien 1901 an d'American Academy of Arts and Sciences opgeholl, a war do vun 1924 bis 1927 President.
1918 krut de Lyman de Rumford-Präis iwwerreecht.
Am Joer 1970 huet d'International Astronomesch Unioun him zu Éieren dem Krater Lyman um Äerdmound deen Numm ginn.