Thomas Knoll

Vu Wikipedia
Thomas Knoll
Gebuer 14. Abrëll 1960
Ann Arbor
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Michigan
Aktivitéit Programméierer, Ingenieur, Informatiker


Den Thomas Knoll, gebuer de 14. Abrëll 1960 zu Ann Arbor am Michigan (USA) ass de "geeschtege Papp" vum Fotobeaarbechtungsprogramm Photoshop.

Den Thomas Knoll ass de Jong vum College-Professer Glann Knoll, an de Brudder vum CGI-Spezialist John Knoll.

1987 huet den Thomas Knoll, en äifregen Hobbyfotograf, mat engem Apple II Plus un engem Computerprogramm geschafft, bei deem et drëms gaangen ass, fir Grostufebiller op engem Schwaarzwäiss-Monitor kënnen ze gesinn. No an no gouf mat Hëllef vu sengem Brudder déi Software erweidert. Op déi Manéier konnte se kuerz drop Faarf duerstellen, verschidden Dateiformater opmaachen an opspäicheren. Am Laf vun der Zäit koum d'Méiglechkeet dobäi, den Tounwäert an d'Faarwe vu Biller, oder och nëmmen Deeler dovun, ze verbesseren.

Dee Programm, den Display, krut méi spéit nach aner Nimm (ImagePro,..). Nodeem sech déi zwéi Bridder op PhotoShop g'eenegt haten, hu se sech un d'Softwarefirma Adobe Systems adresséiert fir endlech Suen domat ze maachen. Am Februar 1990 koum Photoshop 1.0 eraus.

Hautdesdaags ass Photoshop, wéi e méi spéit ëmgedeeft gouf, dee meeschtverbreete Fotobeaarbechtungsprogramm op der Welt.