Thonne-les-Près

Vu Wikipedia
Thonne-les-Près
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Montmédy
Postcode 55600
Gemengecode 55510
Koordinaten 49° 31’ 38’’ N
      05° 21’ 04’’ O
Fläch  542 ha
Bevëlkerung  164 (1999)

Thonne-les-Près ass eng franséisch Gemeng am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.

Thonne-les-Près läit am Dall vun der Thonne nërdlech vu Montmédy um Fouss vun der Kopp op där d'Zitadell vu Montmédy steet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft déi zu der Grofschaft Chiny an zu der Diözees Tréier gehéiert huet, krut 1233 hire Fräiheetsbréif vum Arnould vu Chiny, deen och Här vu Montmédy war.

Fréier Aktivitéiten am Duerf waren eng Kalleksbrennerei, Steekaulen, eng Millen, an eng Seeërei.

D'Maison seigneurale de la Cour ass no der franséischer Revolutioun verschwonnen.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Iwwerreschter vun der fréierer Buerg.
  • D'Schlass vun Thonne-les-Près, de Château de Laval dat am am 19. Joerhonnert vum Barong de Benoist erëm opgebaut gouf, an haut am Besëtz vun enger belscher Famill ass, déi et komplett restauréiert.
  • De Viaduc vun Thonne-les-Près vun 1862
  • D' Kierch Saint-Georges vun 1874.
Thonne vun der Kopp vu Montmédy aus gesinn

Kuckt och[Quelltext änneren]