Tiananmen-Plaz

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Geographesch Koordinaten:
Vue op d'Paart vum Himmlesche Fridden

D' Tiananmen-Plaz, och: Plaz (vun der Paart) vum Himmlesche Fridden (chinesesch: 天安门广场; Tiān'ānmén Guǎngchǎng; 天安門廣場) ass eng Plaz am Zentrum vu Peking

Si huet hiren Numm vun der Tian'an Men (天安门), der Paart vum Himmlesche Fridden, déi op hirer Nordsäit an d'Verbuede Stad féiert. D'Plaz ass 39,6 ha grouss, an et passe bis zu enger Millioun Leit drop. Bis 1911 war se net ëffentlech zougänglech.

Am Weste vun der Plaz steet de Grousse Palais vum Vollek an am Osten de Chineseschen Nationalmusée. Op der Südsäit steet zënter 1976 e Mausoleum, an deem déi konservéiert Läich vum Mao Zedong, deen dat Joer gestuerwe war, ausgestallt gëtt.

Gebaier[änneren | Quelltext änneren]

Vue 1 Vue 2 Numm Pinyin Remarken
Flickr - archer10 (Dennis) - China-6123.jpg Chairman Mao.jpg Paart vum Himmlesche Fridden 天安门
Tiān'ān Mén
Haaptentrée an déi Verbuede Stad, de Keeserpalais
Beijing China Tiananmen-Square-05.jpg Greathallceiling.jpg Grousse Palais vum Vollek 人民大会堂
Rénmín Dàhuìtáng
Parlamentsgebai, och fir Staatsempfäng a soss national Festivitéite benotzt
NationalMuseumofChinapic1.jpg Inside chinese national museum 01.jpg Chineseschen Nationalmusée 中国国家博物馆
Zhōngguó Guójiā Bówùguǎn
urspréngliche zwee separat Muséeën: Chinesesche Geschichtsmusée a Musée vun der Chinesescher Revolutioun
Monument to the People's Heroes, Beijing, from southwest.jpg Beijing China Tiananmen-Square-Young Pioneers of China-01.jpg Monument fir d'Helde vum Vollek 人民英雄纪念碑
Rénmín Yīngxíong Jĭnìanbēi
gebaut fir u Leit z'erënneren, déi bei revolutionäre Kämpf vum 19. an 20. Jh. gestuerwe sinn.
Mausoleum of Mao Zedong.JPG Tiananmen Square, Beijing (149188302).jpg Mao-Mausoleum 毛主席纪念堂
Máo Zhǔxí Jìniàntáng
Mausoleum wou dem Mao Zedong seng Läich opgeboort ass.
BeijingOldBuilding.jpg Qianmen 14 april 2010.jpg Zhengyangmen 正阳门 / 前门
Zhèngyáng Mén / Qián Mén
Haaptpaart vun der Banneschster Stad

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

  • 4. Mee 1919: Bewegung vum véierte Mee. China kritt am Traité vu Versailles déi fréier däitsch Pachtegbidder an der Provënz Shandong net erëm; dës ginn e japanescht Protektorat. Iwwer 3.000 Studenten hunb op der Tiananmen-Plaz dogéint demonstréiert.
  • 4. Abrëll 1976: Den Tian'anmen-Tëschefall. Dausende vu Leit protestéiern dogéint, datt iwwer Nuecht vun der Police Blummen a Gerben ewechgeholl gi waren, déi se zu Éiere vum verstuerwene Ministerpresident Zhou Enlai dohigeluecht haten. Dës friddlech Manifestatioun gouf vu Police a Militär opgeléist.
  • 4. Juni 1989: D'Tiananmen-Massaker war dat bluddegt Enn vu Protester vun der chinesescher Demokratiebewegung op der Tiananmen-Plaz, bei deem jee no Schätzungen tëscht 300 an 3000 Mënschen doudtgemaach goufen, allerdéngs net op der Tiananmen-Plaz selwer.
180°-Panorama

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tiananmen-Platz – Biller, Videoen oder Audiodateien