Op den Inhalt sprangen

Tiangong 2

Vu Wikipedia
Tiangong 2
E Modell vum Tiangong 2 (riets) mat ugedocktem Shenzhou-Raumschëff (lénks)
TypRaumstatioun
Land China
AgenturChina National Space Administration
COSPAR-Bezeechnung2016-?
Apogeum347 km
Perigeum200 km
Bunnschréi42,8°
Mass13000 kg
Längt10,4 m
Duerchmiesser3,35 m
Bunn-Ëmlafzäit? min
Exzentrizitéit?
Start15. September 2016, 22:04:09 (UTC+8)
StartplazJiuquan LA-4/SLS-1
DrorakéitLaange Marsch 2F
Statusop Orbit

Tiangong 2 (=天宫二号= Tiāngōng èr hào) ass eng Raumstatioun vun der Volleksrepublik China, déi zanter dem 15. September 2016 am Weltall ass.

D'Raumstatioun huet eng Längt vun 10,4 Meter an e maximalen Duerchmiesser vun 3,35 Meter. Eng Crew vun dräi Leit ka bis zu 20 Deeg u Bord bleiwen.

Eng Ukopplung vum Raumschëff Shenzhou 11 mat enger Crew vun zwéi Raumfuerer ass am Oktober 2016 virgesinn an d'Betanke mam onbemannte Raumtransporter Tianzhou am Abrëll 2017. An der zweeter Hallschent vum Joer 2017 soll dann d'Raumschëff Shenzhou 12 mat enger Crew vun zwéi Raumfuerer ukoppelen.