Tina Turner

Vu Wikipedia
Tina Turner
op engem Concert an Norwegen 1985
Gebuertsnumm Anna Mae Bullock
Gebuer 26. November 1939
Gestuerwen 24. Mee 2023
Küsnacht
Nationalitéit USA, Schwäiz
Educatioun Sumner High School
Aktivitéit Sänger, Dänzer, Autobiograph, Lidderschreiwer, Discographesche Kënschtler, Schauspiller, Choreograph, Museker
Famill
Bestuet mat Ike Turner, Erwin Bach
Liewenspartner(in) Erwin Bach
Kanner Raymond Craig Turner, Ronnie Turner

D'Tina Turner, gebuer als Anna Mae Bullock de 26. November 1939 zu Brownsville am Tennessee a gestuerwen de 24. Mee 2023 zu Küsnacht an der Schwäiz[1][2], war eng US-amerikanesch an zanter 2013 Schwäizer Sängerin a Schauspillerin. Mat iwwer 180 Millioune verkaafte Placken[3] zielt si zu deene Sängerinnen op der Welt mat deem gréisste Succès.

D'Anna Mae Bullock ass als Duechter vun engem Baptisten-Diakon gebuer an zu Nutbush (Tennessee) opgewuess, wou s'alt emol am Kierchechoer gesongen huet. 1958 huet si zu Saint Louis den Ike Turner kennegeléiert, deen do mat senger Band „Kings of Rhythm“ opgetrueden ass, a gouf seng Background-Sängerin. Geschwënn huet si ëmmer méi de Lead-Gesang iwwerholl, an den Turner huet seng Band an Ike & Tina Turner ëmbenannt. Déi zwee goufen eng Koppel, an hu sech 1962 bestuet. Grouss Hitten aus den 1960er a fréien 1970er Jore ware River Deep, Mountain High, Nutbush City Limits a Proud Mary.

Am Laf vun de Jore gouf den Ike, deen drogenofhängeg war, ëmmer méi brutal hir géigeniwwer, a si huet sech no enger souvillter Kläpperei 1976 vun him getrennt an duerno scheede gelooss. An de Joren duerno hat si Krämpes, sech an hir dräi Kanner finanziell duerchzebréngen, ë. a. well si op Entschiedegung an hiren Deel vun de Performancerechter op de Lidder verzicht huet. Just den Numm konnt se halen.

1984 hat si mat hirem Album Private Dancer e fulminante Come-Back, an eng Rëtsch Lidder drop, vu Let's Stay Together iwwer Private Dancer, What's Love Got to Do with It oder I Can't Stand the Rain, waren an diversen Hitparade ganz uewen.

1985 huet d'Tina Turner am Film Mad Max - Beyond Thunderdome mam Mel Gibson an der Haaptroll matgespillt. Den Titelsong dovun, dee si gesongen hat, We Don't Need Another Hero war 1985 en Nummer-eent-Hit an Däitschland. D'selwecht Joer huet si och beim Hit vun USA for Africa, We Are the World, matgesongen. Och den nächsten Album, Break Every Rule, deen 1986 erauskoum, war e kommerzielle Succès. Zënterhier ass si bis ëmmer nees op Tournée gaangen (eng lescht Kéier 2009). 1988 huet si zu Rio de Janeiro viru 188.000 Leit gesongen, wat e Weltrekord fir eng Solo-Kënschtlerin war.

De 4. September 1996 ass si zu Lëtzebuerg am Stater Stade Josy-Barthel virun enger 25.000 Leit opgetrueden.[4]

1985 koum hir Autobiographie I, Tina eraus, an 1992 e Film deen drop baséiert Tina - What's Love Got to Do with It? woufir si d'Lidder nei agesongen huet. 1995 huet se d'Titellidd vum James-Bond-Film GoldenEye gesongen.

Zanter Joren huet d'Tina Turner an der Schwäiz gelieft a gouf do 2013 agebiergert. An der Lescht hat si sech vill mat Buddhismus ofginn an och Placke mat buddhistesche Gesäng opgeholl.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

(net abegraff sinn déi Placken, déi als Ike & Tina Turner erauskoumen)

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1974: Tina Turns the Country On!
  • 1975: Acid Queen
  • 1978: Rough
  • 1979: Love Explosion
  • 1984: Private Dancer
  • 1986: Break Every Rule
  • 1989: Foreign Affair
  • 1991: Simply the Best (Kompilatioun)
  • 1993: What's Love Got to Do with It (Soundtrack)
  • 1996: Wildest Dreams
  • 1999: Twenty Four Seven
  • 2004: All the Best (Kompilatioun)
  • 2008: Tina
  • 2009: Beyond
  • 2011: Children Beyond
  • 2014: Love Songs (Kompilatioun)
  • 2014: Love Within - Beyond

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

(inklusiv Concert-Videoen)

  • 1971: Ike & Tina Turner - Live in '71'
  • 1975: Tommy - Rock-Oper vun The Who
  • 1979: Wild Lady of Rock
  • 1982: Nice and Rough Live
  • 1984: Private Dancer
  • 1985: Private Dancer Tour
  • 1985: Mad Max - Beyond Thunderdome
  • 1987: What You See Is What You Get
  • 1987: Break Every Rule
  • 1988: In Rio ’88
  • 1990: Tina Live in Barcelona (Do You Want Some Action?)
  • 1990: Foreign Affair
  • 1991: Simply the Best - The Video Collection
  • 1993: Tina - What's Love Got to Do with It? - Verfilmung vun hirer Biografie, mat der Angela Bassett
  • 1993: Last Action Hero
  • 1993: The Girl from Nutbush
  • 1993: What's Love Got to Do with It - Film
  • 1994: What's Love? Live!
  • 1996: Wildest Dreams Tour Live in Amsterdam
  • 1997: Tina Turner Behind the Dreams
  • 1999: VH1 Diva's Live
  • 2000: Celebrate! - The Best from Tina Turner (Birthday Concert)
  • 2000: One Last Time Live in Concert Wembley-Stadion
  • 2005: All the Best - The Live Collection
  • 2009: Tina Live 2009 (Gelredome)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Bart Mills: Tina Turner. Vom Country-Girl zur Rock-Lady. Droemer Knaur, Düsseldorf 1985, ISBN 3-426-02346-6.
  • Karin Aderhold: Tina Turner. Ravensburger Buchverlag, Ravensburg 1991, ISBN 3-473-54082-X.
  • Angela Schöneck: Tina Turner. Queen of Rock. Econ, Düsseldorf 1996, ISBN 3-612-12018-2.
  • Eddy Hampton Armani: The Real T. My 22 Years with Tina Turner. Blake Publishing, London 1998, ISBN 1-85782-183-1.
  • Mark Bego: Tina Turner. Hannibal Verlag, Höfen (Österreich) 2009, ISBN 978-3-85445-310-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tina Turner – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (lb)Eng Ikon ass vun eis gaangen: D'Tina Turner ass am Alter vun 83 Joer gestuerwen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2023-05-24.
  2. (en)Tina Turner, 'Queen of Rock 'n' Roll', dies aged 83 in Switzerland. Sky News. Gekuckt de(n) 2023-05-24.
  3. Artikel op pressemeldungen.at
  4. "Tina Turner: Simply the Best." wort.lu, 26.11.2019 (nogekuckt 2023-05-25).