Tom Habscheid
Tom Habscheid | |
---|---|
Tom Habscheid 2024 | |
Gebuer | 11. August 1986 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Paralympics-Athleet |
Huet matgemaach bei | Paralympesch Summerspiller 2016, Paralympesch Summerspiller 2020, Paralympesch Summerspiller 2024 |
Den Tom Habscheid, gebuer den 11. August 1986[1], ass e lëtzebuergesche Kugelstéisser.
Den Habscheid ass zu Useldeng opgewuess. Hien huet eng Bäckeschléier gemaach. Nodeems hie verschidde Sportaarten ausprobéiert hat, gouf hien vun de d'Paralympesche Summerspiller inspiriéiert, fir Liichtathletik ze maachen. Hie gouf Member vum Celtic Dikrech an huet sech do op verschidde Worfdisziplinen, wéi Kugelstoussen an Diskusworf, spezialiséiert. 2013 konnt hie, well hien eng Wildcard krut, eng éischt Kéier op de Weltmeeschterschaften deelhuelen a gouf do Fënneften. 2014 huet hien de World Cup am Diskusworf gewonnen. 2015 ass hie bei den CA Diddeleng gewiesselt.[2] 2016 huet hie bei de Paralympics matgemaach a koum op déi 7. Plaz.
Bei der WM 2019 gouf hien Zweeten an huet sech domat fir d'Paralympesch Spiller zu Tokio 2020 qualifizéiert.[3] Bei där WM huet hien en neie Weltrekord an der Kategorie F63 opgestallt.[4] Bei de Paralympesche Summerspiller, déi op 2021 verréckelt gi waren, war hien deen eenzege Lëtzebuerger a gouf an der Kugelstouss-Competitioun de Véierten.[5],[6] Kuerz drop huet hie bekannt gemaach, datt e mat senger internationaler Carrière ophale wéilt.[7]
2024 huet hien dunn awer nees un de Paralympesche Summerspiller zu Paräis deelgeholl an huet bei der Ouverturesfeier nieft der Katrin Kohl de Lëtzebuerger Fändel gedroen.[8] Hien huet do d'Bronze-Medail am Kugelstousse gewonnen.[9]
Eierungen
[änneren | Quelltext änneren]- Prix Sport et Handicap 2014 an 2021
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2019)
- Lëtzebuerger Sportler vum Joer 2024
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Tom Habscheid – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Dubai 2019 World Para Athletics Championships op paralympics.com, nogekuckt 23.08.2023
- ↑ Tom Habscheid wonsch.lu, nogekuckt: 23.08.2021
- ↑ Tom Habscheid participera aux Paralympics à Tokyo. sportspress.lu,nogekuckt.23.08.2021
- ↑ Tom Habscheid Sets New Paralympic Shot Put World Record . chronicle.lu, nogekuckt: 23.08.2021.2021.
- ↑ Vorstellung „Team Tokyo Paralympics Luxembourg“ | paralympics.lu, nogekuckt: 23.08.2021
- ↑ Tom Habscheid verpasst Medaille knapp. wort.lu, 16.09.2021.
- ↑ Tom Habscheid beendet internationale Karriere. wort.lu, 16.09.2021.
- ↑ Paris 2024: Flagbearers announced for Opening Ceremony. paralympic.org, 28.08.2024.
- ↑ "Bronze op de Paralympics gewonnen. 'Ech ka mäi Kapp elo a Rou leeën', sou den Tom Habscheid." rtl.lu, 08.09.2024.
- D'Ursprongsversioun vun dësem Artikel ass eng Iwwersetzung (liicht adaptéiert) vun de:Tom Habscheid an der Versioun vum 05.12.2024. D'Auteuren stinn do am Historique.