Tumulus vum Pippin vu Landen

Vu Wikipedia
Tumulus vum Pippin vu Landen
Land Belsch
Plaz Landen
Koordinaten 50°44'46,25"N, 5°3'48,71"O


Den Tumulus vum Pipin vu Landen ass déi éischt Begriefnesplaz vum Pippin vu Landen oder Pippin den Eeleren (580-650) Hausmeier vun Austrasien.

Den Tumulus ass op der Sinte-Gittersplein zu Landen am flämesche Brabant an der Belsch.

De Pippin huet op senger Propriétéit zu Landen an enger gallo-réimescher Villa gewunnt, a gouf net wäit do dovu begruewen. Seng Wittfra huet awer e puer Joer no sengem Doud, seng Iwwerreschter op Nivelles iwwerféiere gelooss.

Archeologesch Recherchen am Joer 1981, hunn d'Reschter vun de Fëllementer vun enger Kapell, déi 1756 an e Koup gefall war, an an där d'Krypta vun de Pippinide war, fräigeluecht.

D'Plaz vu Sinte-Gitterdal gouf duerch en arrête royal vum 19. Abrëll 1978 als Geschützt Landschaft klasséiert, an d'Reschter vun der Kapell an den Tumulus goufen de 17. November 1981 als Monumenter klasséiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]