Tunnel vun Herstal

Vu Wikipedia
Tunnel vun Herstal
Lag: Herstal
Längt: 90 m
Héicht: 87 m
Südportal: 50° 39’ 53.52’’ N 05° 37’ 11.32’’ O
Nordportal: 50° 39’ 56.46’’ N 05° 37’ 13.47’’ O

Den Tunnel vun Herstal ass e klengen Tunnel an der Gemeng Herstal. Et ass u sech näischt Extraes un deem Tunnel, ausser datt et ee vun de wéinegen Tunnellen op enger belscher Vizinalstreck ass, deen erhalen ass an nach funktionéiert, an zwar zanter de 60er Joren als Stroossentunnel. Et ass domat den eenzegen Eisebunnstunnel an der Lécker Agglomeratioun deen net méi seng éischt Missioun erfëllt, an et ass ee vun de wéinegen Eisebunnstunnellen an der Belsch duerch deen haut Autoe fueren.

Den Tunnel huet fréier zu der Vizinalstreck N° 581 Liège - Herstal - Bassenge - Bilsen - Genk gehéiert, déi haut zum Deel als RAVel mat der Nummer L076 ugeluecht ass.

Haut gëtt en am Sens unique als Stroossentunnel benotzt, an ass fir Fousgänger gespaart.