Uergelmanufaktur Heinrich Voit & Söhne

Vu Wikipedia
Dat fréiert Fabrécksportal

D'Familljenentreprise Uergelmanufaktur Heinrich Voit & Söhne war eng däitsch Uergelmanufaktur zu Durlach, engem Quartier vu Karlsruhe, déi vun 1890 bis 1930 bestanen huet.

Hir Originnen hat d'Firma a Franken. Dokumenter bezeien, datt schonn zanter der Mëtt vum 17. Joerhonnert zu Schweinfurt Membere vun der Voit Famill sech mat Uergelbau ofginn hunn.

D'Uergel an der Téiweskierch am Pafendall gouf 1903 vun der Manufaktur H. Voit & Söhne gebaut an huet 25 Regëster. 1968 gouf d'pneumatesch Traktur elektrifizéiert an d'Uergel krut en neie Spilldësch. D'Päife bloufe wéi se waren. Gläichzäiteg gouf eng Revisioun vun der Uergelmanufaktur Georg Westenfelder vu Lëntge gemaach. Et leeft eng Prozedur fir d'Uergel als nationaalt Monument ze klasséieren.[Source?]