Uergelmanufaktur Weimbs
Ausgesinn
D'Uergelmanufaktur Weimbs vun Hellenthal an der Äifel gouf am Joer 1927 vum Josef Weimbs (I. 1886-1949) gegrënnt, a gëtt haut vun den Uergelbaumeeschteren Friedbert Weimbs (*1947) a sengem Jong, dem Frank Weimbs (*1971) geleet.
Déi an der véierter Generatioun gefouert Familljenentreprise gesäit sech als Nofollger vun der Uergelmanufaktur Bridder Müller vu Reifferscheid, déi 1812 gegrënnt gouf.
Uergelen vun Hellenthal
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Kierch Housen, 2004/5 Restauréierung vun der Uergel, déi 1954 vun der Uergelmanufaktur Sebald vun Tréier gebaut gouf. 33 Regëster 2 Manualer, Pedall.
- Kierch Capellen, Restauréierung mat neien Elementer 2006 vun der Müller-Uergel vun 1909, 1956 an d'Rei gesat vum Haupt vu Lëntgen. 27 Regëster, 3 Manualer, Pedall.
- Kierch Conter, Neibau, am Juni 2004 ageweit
- Kierch Waldbriedemes, 7. Mäerz 2004 Neiaweiung no der Restauréierung vun der Müller-Uergel vun 1898. 12 Regëster, 2 manualer, Pedall.