Op den Inhalt sprangen

Universitéit fir National- a Weltwirtschaft

Vu Wikipedia
Universitéit fir National- a Weltwirtschaft

Typ staatlech Fuerschungsuniversitéit
Land Bulgarien
Schülerzuel 21.534
  2022
Gegrënnt 5. Juli 1920
Genannt no Karl Marx
Um Spaweck http://www.unwe.bg/en/

D'Universitéit fir National- a Weltwirtschaft (op Bulgaresch: Университет за национално и световно стопанство; op Englesch: University of National and World Economy) ass eng ëffentlech Fuerschungsuniversitéit an der bulgarescher Haaptstad Sofia.

D'Universitéit geet op déi "Fräi Universitéit fir Politik- a Wirtschaftswëssenschaften" zeréck (op Bulgaresch: Свободен университет за политически и стопански науки), déi de 5. Juli 1920 gegrënnt gouf. Si krut 1940 den Numm "Staatlech Héichschoul fir Finanz- an administrativ Wëssenschaften" (Държавно висше училище за финансови и административни науки), déi no der Muechtergräifung vun de Kommunisten 1947 als "Fakultät fir Wirtschafts- a Sozialwëssenschaften" an d'Universitéit Sofia integréiert gouf.

1953 huet d'kommunistesch Regierung dunn awer entscheet, d'Fakultéit erëm auszeglidderen a s'als "Héicht Wirtschaftsinstitut" (Висш икономически институт) erëm z'etabléieren, dat am selwechte Joer nach den neien Numm "Héicht Wirtschaftsinstitut Karl Marx" krut. Zënter dem Fall vum Kommunismus am Joer 1990 dréit d'Institutioun hiren aktuellen Numm.

D'Universitéit fir National- a Weltwirtschaft huet aacht Fakultéiten:

  • Allgemeng Wirtschaftswëssenschaften
  • Finanz- a Rechnungswiesen
  • Management an Administratioun
  • Wirtschaft vun der Infrastruktur
  • International Wirtschaft a Politik
  • Applizéiert Informatik a Statistik
  • Wirtschaft
  • Droit

Zu de bekannten Absolvente vun der Universitéit ziele fënnef bulgaresch Premierministeren: Reneta Indschowa, Stefan Sofijanski, Iwan Kostow, Marin Rajkow a Plamen Orescharski. Och d'Cheffin vum Internationale Wärungsfong Kristalina Georgiewa an den Ekonomist Simeon Djankow hunn en Diplom vun der Universitéit fir National- a Weltwirtschaft.

Commons: Universitéit fir National- a Weltwirtschaft – Biller, Videoen oder Audiodateien