Universitéit vun Heidelberg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Universitéit vun Heidelberg (och Ruprecht-Karls-Universität Heidelberg) ass eng Universitéit vum Bundesland Baden-Württemberg zu Heidelberg. Si ass eng vun den eelsten europäeschen Universitéiten a gläichzäiteg déi eelst Universitéit vun Däitschland. Si gouf am Joer 1386 am Optrag vum Poopst Urban VI. vum pfälzesche Kurfürst, dem Ruprecht I. gegrënnt.

D'Universitéit ass an zwielef Fakultéiten organiséiert a bitt e Fächerspektrum vun enger Volluniversitéit. Am Wantersemester 2015/16 waren 30.848 Studenten ageschriwwen[1] an et hu ronn 520 Professeren ënnerriicht.[2] D'Unisgebaier sinn iwwert d'Heidelberger Alstad, de Quartier Bergheim an dat sougenannt Neuenheimer Feld verdeelt.

D'Universitéit Heidelberg hëlt un der Exzellenzinitiativ vum Bund ("Eliteuniversität") deel an ass Grënnungsmember vun der Liga vun den Europäesche Fuerschungsuniversitéiten (LERU), souwéi vum Coimbra-Grupp. Si gëtt mat 56 Nobelpräisträger assoziéiert[3] a steet domat a ganz Däitschland op Plaz 1.[4] Ronn 18% vun de Studente sinn aus dem Ausland.[5] Am internationale Verglach steet si op Spëtzeplazen a profitéiert vun enger héijer akademescher Reputatioun.[6]

D'Bibliothéik ass d'Symbol vun der Ruperto-Carola-Universitéit. Gläichzäiteg ass si déi eelst Universitéitsbibliothéik vun Däitschland.
D'Alte Universität, Entworf vum Baumeeschter Johann Adam Breunig, ass de Sëtz vum Rektorat
De Campus an der Alstad, Alte Universität Heidelberg, Universitéitsplaz Heidelberg

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Kurfürst Ruprecht I. op engem Bild duergestallt mat senge Fraen, der Elisabeth vun Namur an der Beatrix vu Berg
De Marsilius von Inghen war den éischte Rektor vun der nei gegrënnter Universitéit zu Heidelberg
D'Helleggeeschtkierch, nach mat original gotescher Kierchtuermspëtz, op engem Bild vum Jacques Fouquières ëm 1618. Lénks am Bild d'Heidelberger Schlass viru senger Zerstéierung 1693.
De Ruprecht III. a seng Fra d'Elisabeth vun Hohenzollern-Nürnberg an enger Miniaturkopie vun enger Wandduerstellung am Heidelberger Schlass, déi mëttlerweil verluer gaangen ass. (Bayerisches Nationalmuseum München, Inv. Nr. NN 3610).

Grënnungsphas[änneren | Quelltext änneren]

D'Ruperto Carola gouf mam Accord vum Poopst Urban VI. 1386 vum Kurfürst Ruprecht I. gegrënnt, fir sengem staark verspreeten Territorium, der Pfalz um Rhein, e geeschtege Mëttelpunkt ze ginn, fir Friemer unzezéien a virum Hannergrond vum Groussen abendländesche Schisma Kierchen- a Staatsdénger am eegene Land auszebilden: Absolvente vun der Paräisser Sorbonne, déi zum Poopst zu Avignon gehalen hunn, konnten net an der Pfalz, déi sech fir de Poopst zu Roum ausgeschwat huet, um kierchlechen Déngscht deelhuelen, wouduerch onbedéngt do eng Theologenausbildung gebraucht gouf.

Um 1. Oktober 1386 gouf de Stëftungsakt ausgeschafft. Den 18. Oktober huet de Studium Generale mat enger Helleger Mass ugefaangen, den Dag drop goufen dunn déi éischt Virliesungen ofgehalen.[7] Den Optrag fir e sëlwer Sigel ass och op den 18. Oktober zréckzeféieren. Bis haut ass d'Bild vun dësem Sigel am Logo vun der Universitéit ze fannen.[8] Déi éischt Proffe vun der jonker Heidelberger Uni koume vu Paräis a Prag. Si ware virun der Kierchespaltung an dem Nationalitéitekampf aus hirer Heemecht an d'séchert Ausland geflücht, eben op Heidelberg. Den éischte Rekter vun der Heidelberger Universitéit war de Marsilius vun Inghen, dee virdrun op der Sorbonne ënnerriicht hat. Fir laang Zäit gouf zu Heidelberg ausschliisslech d'philosophesch Richtung vum Nominalismus ënnerriicht.

De Ruprecht II. a seng Fra d'Beatrix vu Sizilien-Aragon

Am Ufank hat d'Universitéit mat engem grousse Manktem u Raimlechkeeten ze kämpfen; d'Virliesunge goufen am Augustiner- a Franziskanerklouschter ofgehal. Méi Raimlechkeete krut d'Universitéit dunn, wéi de Kurfürst Ruprecht II. d'Judden aus Heidelberg verdriwwen huet an déi fräi Gebaier der Universitéit iwwerlooss huet. D'Synagog gouf zur Mariekapell ëmfonktionnéiert a gouf als Auditoire genotzt. D'Finanzéierung huet de Kurfürst Ruprecht III. mat der Grënnung vum Helleggeeschtstëft garantéiert. D'Helleggeeschtkierch war gläichzäiteg d'Universitéitskierch, bis am 19. Joerhonnert d'Péitruskierch déi Funktioun iwwerholl huet.

Raimlech Situatioun[änneren | Quelltext änneren]

Haut ass d'Universitéit raimlech opgedeelt: D'Naturwëssenschaften, d'Sportwëssenschaft an déi meescht Deeler vun der Medezin sinn um Neuenheimer Feld, de Gros vun de Geeschteswëssenschaften, souwéi d'Rechtswëssenschaften hunn hir Plaz an der Heidelberger Alstad, genee sou wéi d'Rektorat an d'Universitéitsverwaltung. D'Wirtschafts- an en Deel vun de Sozialwëssenschafte sinn zënter dem Fréijoer 2009 um neigegrënnte "Campus Bergheim". D'Universitéit besëtzt doriwwer eraus nach verschidde Grondstécker uechter d'Stad an an der noer Ëmgéigend. Sou sinn zum Beispill ënnert anerem zéng Gebaier vun der Fakultéit fir Physik an Astronomie um Philosophewee. D'Rektorat an den Universitéitsmusée sinn an der Aler Universitéit op der Universitéitsplaz ënnerbruecht.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. [1]
  2. http://www.uni-heidelberg.de/universitaet/statistik/personal.html
  3. http://www.uni-heidelberg.de/university/history/nobellaureates.html
  4. http://www.nobelprize.org/nobel_prizes/lists/universities.html
  5. http://www.uni-heidelberg.de/international/profil/
  6. http://www.uni-heidelberg.de/universitaet/rankings/
  7. Heidelberger Geschichtsverein: Ereignisse im Jahr 1386
  8. Von 1386 – Das Logo der Heidelberger Universität