Valérie Strecker-Steffen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Valérie Strecker-Steffen
Gebuertsnumm Valérie Steffen
Gebuer 28. Mee 1915
Kanech
Gestuerwen 8. Juni 2004
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Hiewan

D'Valérie Strecker-Steffen, gebuere Steffen, gebuer den 28. Mee 1915 zu Kanech a gestuerwen den 8. Juni 2004 zu Esch-Uelzecht, war eng lëtzebuergesch Hiewan[1].

Si huet an der aler Maternité am Pafendall studéiert, a gouf de 7. Mäerz 1936 diploméiert. Bis 1937 war si am Pafendall Hiewan, an huet do am Ganze 424 Frae betreit[1].

1937 ass si op Beetebuerg geplënnert an huet do als Hiewan geschafft. Am Abrëll 1939 huet se sech mam Jean-Pierre Strecker bestuet a krut och selwer 2 Kanner. 1952 huet si an hirem Haus an der rue Auguste Collart eng Privat-Maternité ageriicht, wou 6 Frae gläichzäiteg konnten opgeholl ginn, an déi als "Maison Strecker" bekannt gouf[2]. Bis zu hirer Pensioun am Joer 1973 huet si an hirer Maternité 1274 Kanner mat op d'Welt bruecht[1].

Zu Beetebuerg gouf 2015 eng Strooss no hir benannt: rue Valérie Strecker-Steffen (L-3251).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Artikel am bulletin communal eise buet, Nr. 90. 02/2016 Archivéiert op 2020-02-11. Gekuckt de(n) 2020-03-04.
  2. Conseil National des Femmes du Luxembourg. Les rues au féminin. Édition 2015 Archivéiert op 2020-02-01. Gekuckt de(n) 2020-03-04.