Val d'Orcia

Vu Wikipedia
Val d'Orcia
Landschaft mat Zypressen.
Geographie
Land Italien
Regioun Toskana
Provënz Provënz Siena
Morphologie
Längt ± 70 km
Fläch 61.188 ha
Waasserlaf Orcia
Ufank
Plaz Monte Antico
Civitella Paganico
Héicht 329 m
Koordinaten 42° 58’ 15.24’’ N
      11° 21’ 0.44’’ O
Héchst Plaz
Plaz Sarteano
Héicht 700 m
Koordinaten 42° 59’ 0’’ N
      11° 52’ 0’’ O


De Val d'Orcia ("Orcia-Dall") ass eng natierlech hiwweleg Géigend an der italieenescher Provënz Siena, an der Toskana, op der Grenz mat Umbrien. Se läit nordëstlech vum Monte Amiata, ronderëm de Floss Orcia, deen derduerch leeft, an no deem se genannt ass. Se huet eng Fläch vun 61.188 ha a läit an de Gemenge Castiglione d'Orcia, Montalcino, Pienza, Montepulciano, Radicofani a San Quirico d'Orcia.

D'Landschaft gouf an hirer haiteger Form, mat Gruppe vun Zypressen, Dierfercher a Kapellen, an der Zäit vun der Renaissance ugeluecht, fir en harmonescht Bild ze schafen, an d'Idealer vu gudder (land-)wirtschaflecher Notzung, dem Zesummeliewe vu Mënsch an Natur, wéi och vun der Estetik erëmzespigelen. Dierfer wéi Pienza a Montalcino goufen dobei nei gebaut. Op ville Renaissance-Molereien gouf de Val d'Orcia dann och als Hannergrond erausgesicht.

Aus deem Grond gouf d'Géigend, déi och haut nach op Dausende vun 'typeschen' Toskana-Fotoen ze gesinn ass, den 2. Juli 2004 op d'UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen agedroen.

Gastronomesch ass d'Géigend fir säi Pecorino di Pienza an de Wäin Brunello di Montalcino, eng vun den éischten DOCen aus der Toskana bekannt.

Zeenen aus dem Film Gladiator vum Ridley Scott goufen do gedréint.

De Val d'Orcia an de Monte Amiata

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Val d'Orcia – Biller, Videoen oder Audiodateien