Venberger Millen
D'Venberger Millen (nl: Venbergse Watermolen) ass eng fréier Käremillen um Laf vun der Dommel, am Süde vu Valkenswaard an der hollännescher Provënz Nordbrabant.
An engem Dokument vun 1227, an deem den Herzog Hendrik I. vu Brabant den Nonnen aus dem Klouschter vu Postel en Drëttel vun der Proprietéit schenkt, geet fir d'éischt rieds vun der Millen.
1275 koum deen Deel an de Besëtz vun den Norbertiner vu Postel. Aus engem Dokument vun 1331 geet ervir datt de Jan I. vu Brabant d'Millen als Bannmillen deklaréiert hat. 1336 gouf d'Abtei vu Postel Besëtzer vum Muelwierk, an 1345 huet de Mëller dem Klouschter de Rescht verkaaft.
1370 huet d'Johanna vu Brabant d'Bauere vu Someren a Lierop gedoen hir Kären op där Millen oder op där vu Westerhoven muelen ze loossen.
1598 gouf e gewëssen Hendricx Regisseur op der Millen, déi staark op den Hond komm war. Hien huet se restauréiert a méi grouss gemaach. No sengem Doud am Joer 1615 gouf se nach bis 1648 vun engem Regisseur verwalt. Duerno gouf se vun de Staate vun Holland beschlagnahmt, a koum doduerch an de Besëtz vun den Oranier, déi e Rentmeeschter ustellen d'Millen all Kéier op dräi Joer ze verpachten - d'Bannrecht bleift bestoen. D'Abtei vu Postel huet géint déi Manéier ëmsoss protestéiert.
No dem Spueneschen Ierffollegkrich goufe 1716 all d'Besëtzer vun der Abtei vu Postel, déi an der Meierei vun 's-Hertogenbosch louchen, mat dem fréiere Besëtz, der Mille vu Venberg, duerch de Rot vun de Staaten alt nees eng Kéier confisquéiert. De Protest vun der Abtei déi vum Karel VI. ënnerstëtzt gouf, konnt näischt drun änneren.
Tëscht 1723 a 1728 war de Jan Peter Smits de Mëller. Hie war ee vun de Virgänger vun de Famillje Smits van Oyen a Smits van Eckart.
Nodeem déi fréier Proprietéite vun der Abtei 1740 vum Staat verkaaft goufen, koum den Haff Venbergse Hoeve mat der Millen eng Zäit laang an de Besëtz vun de Brauereisproprietaire vun Dommel, Jan an Adrien Snieders.
Am 19. Joerhonnert war d'Millen an den Hänn vun de Famillen Verheijen, Thisj, Loos a Van Poppel. Aktuelle Besëtzer ass d'Famill Rietra déi Millen tëscht 1973 an 1977 restauréiert huet.
D'Mille fonctionéiert a kann op Ufro besicht ginn. D'Wunnhaus vun der Mille gouf als Café-Restaurant ëmgebaut an ass e beléiften Treffpunkt fir Vëlosfuerer a Spadséiergänger déi vun do aus kënnen d'Naturschutzgebitt Malpie besichen.
D'Millerad huet en Duerchmiesser vu 5.56 m an et gëtt ënnerschächteg ugedriwwen. Op Fotoe vun ëm 1915 kann ee gesinn datt d'Mille fréier zwee Rieder hat déi hannerenee stoungen.
D'Wier huet dräi Schiberen aus Holz, déi iwwer Zännradwannen op an zou gemaach kënne ginn. D'Wannen op de Säite sinn oppe Wannen, a si laanscht eng Säit vun der Drodunn festgemaach. Déi an der Mëtt ass an engem Gehais, an ass op der Dunn ugemaach. D'Wier vum Radschacht gëtt iwwer eng Zännstaang aktionéiert déi eng Längt vu ronn 6 Meter huet, an iwwer en Iwwersetzungsgedriff dat iwwer eng Well vu bannen an der Mille bedéngt ka ginn, gesteiert gëtt. Op déi Manéier kann de Mëller iwwer dem Muelen de Waassertzoufloss am Radschacht regléieren.
Nopeschmillen
[änneren | Quelltext änneren]Nopeschmillen um Laf vun der Dommel si flossaf, d'Mille vun Dommelen a flossop d'Mille vu Schaft.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (nl) Weider Informatioun op molendatabase.nl