Victor Ewen
Victor Ewen | |
---|---|
Gebuer |
20. Mäerz 1914 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
5. Mee 1966 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | KPL, LSAP |
De Victor Ewen, gebuer den 20. Mäerz 1914 zu Esch-Uelzecht, an och do de 5. Mee 1966 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker (KPL/LSAP).[1]
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Victor Ewen huet als Infirmier op Arbed Esch-Belval geschafft.
Nom Krich huet hien op der Lëscht vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL) bei de Gemengewale kandidéiert. Hie gouf de 7. Oktober 1945 an den Escher Gemengerot gewielt. Nom Ungaresche Volleksopstand, am Oktober 1956, ass hien aus der KPL ausgetrueden, a gouf Member vun der LSAP. 1961 gouf hien nees op där hirer Lëscht an de Gemengerot gewielt, wou e bis zu sengem Doud Member blouf.
Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot de 29. Dezember 1969 decidéiert, eng Strooss am Quartier Lakelz no him ze nennen. (L-4113)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.86.